An dem Guy Rewenig sengem lëtzebuergesche Geschichteband „Babyphone“ fanne sech d’Protagonist*innen a surreale Situatiounen erëm. Den Auteur weist sech dobäi wéi gewinnt sarkastesch a gesellschaftskritesch, woubäi de pickegen Toun heiansdo op d’Käschte vun der Liesfreed geet.

Den Auteur Guy Rewenig verfaasst Prosa, Lyrik, Theaterstécker an och Kannerbicher. Hie schreift an den dräi offizielle Sprooche vum Land. (Foto: Jean Asselborn)
„Babyphone“ ass en iwwerraschend kuerzen Titel fir de Guy Rewenig, Auteur vu Bänner wéi „Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk“ oder „Mir fällt ein Stein vom Herzen und zertrümmert meinen dicken Zeh“. Mee et soll ee sech net täusche loossen: Och dëse Band ass voller Rewenig-typescher Absurditéiten. An der Geschicht „Schwaarz“ freet e Journalist sech op eng Vakanz am Schwarzwald. Mee no engem erhuelsamen Openthalt gesäit et net aus: Säin Hotel huet kee Stroum, kee Waasser an dofir awer e ganz strengt Personal. De Schwarzwald wierkt op emol nach méi düster, wéi säin Numm et versprécht.
De Guy Rewenig zitt d’Lieser*inne gekonnt an dës mysteriös Situatioun, mat Freed rätselt een zesumme mam Journalist iwwer déi ongewéinlech Zoustänn am Hotel. Et freet ee sech dobäi awer, wisou de Journalist grad an Däitschland an d’Vakanz geet, wou en sech iwwer de „Sproochbrutalismus“ vun den „houere Preisen“ opreegt. Leider ass den abstrusen Ausfluch fir d’Lieser*innen op eemol abrupt eriwwer, grad do, wou d’Geschicht sech weider ze entwéckele schéngt. „Schwaarz“ kéint ee sech als Introduktioun vun engem dystopesche Roman virstellen.

Guy Rewenig: „Babyphone“, Geschichten, Editions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 2025, 384 Seiten, 26 Euro (© Editions Guy Binsfeld)
„Sécher“ ass déi längste Geschicht vu „Babyphone“. Och an dëser Erzielung kënnt en Hotel vir, mee den Horror, dee verursaacht des Kéier ee Gaascht – an zwar de granzege Marco. Hie geet zanter drësseg Joer mat senger Partnerin Chantal op Palma an d’Vakanz, obwuel et him do absolut net gefält. D’Sonn mécht hien depressiv, dat rouegt Mëttelmier fënnt hie „liddereg“ a souguer d’Séistäre maachen hie rosen: „Wat sinn dat iwwerhaapt fir komesch Kreaturen? Et ass net ze faassen!“ Och dësem Haaptpersonnage gëtt de Guy Rewenig xenophob Zich: Et „facht no Preisen“, fënnt de Marco zu Palma. Wéi hien dono vun Demonstrant*innen als Däitsche verwiesselt gëtt, verléiert hien d’Fassung.
A klenge Momenter, déi op den éischte Bléck niewesächlech erschéngen, verréit den Auteur lues a lues, dass sech hannert dem Marco sengem Gegranz eigentlech eng déif Einsamkeet verstoppt. Och ass hie ganz offensichtlech alkoholkrank, wei een aus de Remarke vu senger Fra a sengem Jong raushéiert. Dëst gëtt der Geschicht zwar méi Déift, mee dofir muss ee sech duerch Säite vum Marco senge repetitive Gehässegkeete ploen, déi oft duerch hir Iwwerdreiwung net iwwerzeegen. D’Geschicht riskéiert, duerch dës Passagen d’Lieser*innen ze verléieren.
An der Titelgeschicht, déi am leschten Hierscht am Nationaltheater an engem Monolog vun der Sascha Ley opgefouert gouf, geet et ëm eng Famill, déi op d’Kopp gehäit gëtt, no- deem s en ale Babyphone onerwaart uspréngt an der Duechter e Sträit vun den Eltere live iwwerdréit. D’Talaya héiert säi Papp eppes soen, wat hatt him net verzeie kann.
Wärend d’Chantal sech an der Erzielung „Sécher“ net wierklech dem Marco widdersetzt, wiert Talaya sech géint säi Papp. De Guy Rewenig zaubert flott wéi bizarre Zeenen erbäi, mee och an dëser Geschicht schleefen d’Dialoger plazeweis. D’Eltere streiden zum Beispill méi wei eng Säit laang iwwer Houschtkamellen, a wou déi um Nuetsdësch ze leien hunn. D’Talaya, vun deem d’Handlungen ausginn, kann den Interessi vun de Lieser*innen awer zréckgewannen.
An der Geschicht „Cambrioleur“ kënnt dem Guy Rewenig säin Humor am Beschten zum Virschäin. Et geet hei ëm en distinguéierten Abriecher, deen an engem Monolog sengem Opfer erzielt, wéi seriö hie säi Metier hëlt. Hie schafft propper an iwwerléisst näischt dem Zoufall, Gewalt evitéiert hien. Och wann hien natierlech anonym schafft, ass säi Ruff him wichteg: „Et grenzt scho bal un Diffamatioun, datt d’Police mir ënnerstellt, ech géing Spueren hannerloossen,“ seet de Kriminellen.
Ëm Frëndschaft a Memoire geet et an der Geschicht „Dräi gutt Grënn, eng Méimaschinn mat an d’Vakanz ze huelen“, an där sech de Lauritzen an den Tafani, zwee eeler Männer, reegelméi- sseg am Café Cathédrale Rendez-vous ginn. Si schwätzen oft laanschteneen, héieren net gutt an deen ee muss deen aneren heiansdo drun erënneren, dass seng Fra net méi lieft. Einsamkeet, Vergänglechkeet an Trauer treffen hei op dem Guy Rewenig säi Sproochwitz, wat der Erzielung eng batterséiss Dimensioun gëtt.
„Babyphone“ ass also e klassescht Guy-Rewenig-Buch, an deem Gesellschaftskritik mat Surrealismus a vill Humor zum Droe kënnt. Den Auteur verléiert sech allerdéngs heiansdo an onrealisteschen Dialogen an zyneschen Tiraden, déi Gedold vun de Lieser*inne verlaangen.
Déi vill Referenzen op eis däitsch Noperen, déi am Buch méi wéi 40-mol mat de pejorative Begrëffer „Preis“ oder „Preisen“ ernimmt ginn, wierke repetitiv a kéinte verschidde Lieser*inne stéieren. Fir d’lëtzebuergesch Sprooch ass d’Buch allerdéngs immens wäertvoll. De Guy Rewenig weist mat Begrëffer wéi „Knubberdulles“, „Bootschen“ an „Fitschefäiler“, wei räich déi d’Sprooch wierklech ass.

