Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

von | 28.08.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Logo vum Podcast Am Bistro mat der woxx: een Kopfhörer. Doriwwer steet a grénger Schrëft: D'Fleegestatiuoun fir wëll Déiere an d'Hëtztwelll. Een Text informéiert ausserdem, datt et d'Episod Nr. 397 ass.Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze kämpfe gehat. Dat, well besonnesch Vigel an där Zäit hir Kleng kritt hunn. D’woxx-Journalistin Yolène Le Bras war op Diddeleng, fir mat de Verantwortlechen iwwert dës Problematik ze schwätzen. Am Podcast erzielt si, wat si erlieft huet, a geet och op d’Fro an, wat mat invasiven Aarten, wéi zum Beispill de Wäschbieren, déi dës Woch um woxx-Cover ze gesi sinn, geschitt.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Déiererechter: Soigner la faune sauvage dans un climat qui change

 

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

GESONDHEETTHEMA

Santé: Santé mentale et exclusion sociale

À l’occasion de la 5e édition des Semaines de la santé mentale, de nombreux thèmes sont abordés, dont celui de la précarité. Les psychologues Hédi Ben Malek et Amélie Zeimet, qui œuvrent au sein de l’unité Psy de Hëllef um Terrain, explorent le lien entre urgence sociale et santé mentale.

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...