Podcast: Am Bistro mat der woxx #013 – 31.8.2018

von | 31.08.2018

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. De Luc Caregari an de Joël Adami schwätzen iwwer den Edito zu Diskussiounveranstaltunge vum Zentrum fir politesch Bildung, iwwer d’Neieentdeckung vun der Kulturpolitik vun Déi Gréng an iwwer de Last Summer Dance.

D’Thema vun der Woch ass dës Kéier d’Ofstëmmungsverhalen an der Chamber. Mir hunn alleguerten d’Bulletins de Vote ugekuckt an ausgerechent, wéi déi verschidde Parteien an der Chamber ofgestëmmt hunn. Dobäi hu mir erausfonnt, datt et e grousse Konsens tëscht deene véier grousse Parteie gëtt. Am Podcast erziele mir, wéi mir d’Recherche an d’Auswäertung gemaach hunn.

Dat kéint Iech och interesséieren

ËMWELTPODCAST

Am Bistro mat der woxx #376 – Directive de la vigilance

Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles. Cette semaine-ci, les journalistes Fabien Grasser et María Elorza Saralegui se centrent sur une directive européene concernant le devoir de vigilance. Considérablement affaiblie lors des...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...