Podcast: Am Bistro mat der woxx #014

von | 07.09.2018

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. De Luc Caregari an de Joël Adami schwätzen dës Woch iwwert de Bilan vum Nohaltegkeetsministère MDDI, deen net esou positiv ausfält, wéi dat déi gréng Minister*innen duergestallt hunn. Och den ëffentlechen Transport an d’Konfusioun, déi beim der Ëmstellung vun de Busfahrpläng entstoe wäert, ass een Thema. Ausserdeem geet et ëm sexuell Opklärung an d’Migratiounspolitik an Europa an Italien.

D’Thema vun der Woch ass dës Kéier d’Copyrightreform vun der EU. Nodeems et virum Summer eng grouss Campagne géint dës Reform gouf, kritt se elo virgeworf, „Astroturfing“ gewiescht ze sinn. Mir beliichten d’Hannergrënn an erklären, wat et mat der Reform op sech huet.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...