E Sonndeg, 16 September: Presseclub mat der woxx

von | 14.09.2018

D’Walcampagne huet hir éischt Woch hannert sech. Wéi et sech bis elo zougedroen huet a virun allem wat mer nach kënnen erwaarde bis de 14. Oktober, doriwwer gëtt dëse Sonnden ab 11 Auer am RTL-Presseclub geschwat. Mir wäerten ënner anerem och iwwer d’Ënnerscheeder tëscht de verschiddene Parteie beliichten anprobéieren eng Äntwert op d’Fro: „Kann d’Koalitioun dat nach eng Kéier maachen?“ ze fannen. Mat dobäi sinn: D’Dani Schumacher vum Wort, de Peter Feist vum Lëtzebuerger Land, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt an de Luc Caregari vun der woxx.

Lauschtert also eran, dëse Sonndeg vun 11 bis 12 Auer.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #383 – Wéi Russland vum Irankrich profitéiert

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Russland war virum Irankrich wirtschaftlech ënner Drock: niddreg Uelegpräisser, ee Wuelfaartsfong, deen ëmmer méi kleng ginn ass a strukturell Problemer duerch d'Krichswirtschaft. Mee zënter den Ugrëffer vun den USA an Israel op den Iran an der Eskalatioun vun...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #382 – Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Vill Jonker benotze kënschtlech Intelligenz net nëmme fir d'Schoul oder Informatiounen, mee och als Gespréichspartner – heiansdo souguer als Ersatz fir Frëndschaften. Mat der Campagne „AI ≠ Human“ wëll d’Regierung Jugendlecher dozou bréngen, kritesch mat...