All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. De Luc Caregari an de Joël Adami schwätzen dës Woch iwwert de Bilan vum Nohaltegkeetsministère MDDI, deen net esou positiv ausfält, wéi dat déi gréng Minister*innen duergestallt hunn. Och den ëffentlechen Transport an d’Konfusioun, déi beim der Ëmstellung vun de Busfahrpläng entstoe wäert, ass een Thema. Ausserdeem geet et ëm sexuell Opklärung an d’Migratiounspolitik an Europa an Italien.
D’Thema vun der Woch ass dës Kéier d’Copyrightreform vun der EU. Nodeems et virum Summer eng grouss Campagne géint dës Reform gouf, kritt se elo virgeworf, „Astroturfing“ gewiescht ze sinn. Mir beliichten d’Hannergrënn an erklären, wat et mat der Reform op sech huet.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #251 – De Rietsruck an Europa
- Am Bistro mat der woxx #182 – Lëtzebuerger Wandmillen: offline duerch de Cyberkrich
- Am Bistro mat der woxx #181 – D’Situatioun vu LGBTIQ-Persounen an Europa
- Am Bistro mat der woxx #180 – Kritik um néie Quartier „Faïencerie“ am Rollengergronn
- Am Bistro mat der woxx #179 – D’Resultater vum Biergerkommitee Lëtzebuerg 2050