Am Bistro mat der woxx #226 – Firwat ass d’Klimabilanz vum Pensiounsfong sou schlecht?

von | 10.02.2023

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

De Fonds de Compensation (FDC) verwalt ronn 26 Milliarden Euro Pensiounsreserven. Déi ginn zum gréissten Deel awer net nohalteg oder un konform mat de Mënscherechter ugeluecht. En Fait, deen fir vill Kritik op Säite vun ONGe gesuergt huet. Elo soll eng nei Strategie fir méi Nohaltegkeet suergen. Wat sinn d’Argumenter géint eng méi klimagerecht Ausriichtung vum Fong? Wat ass een Donneschden an der Chamber diskutéiert ginn? Am Podcast gi mir een Iwwerbléck iwwert déi wichtegst Punkten.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...