Am Bistro mat der woxx #230 – Wisou de Contournement zu Käerjeng elo een Tunnel soll ginn

von | 10.03.2023

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Amplaz dem geplangte Contournement soll zu Käerjeng elo eng Variant mat engem Tunnel geplangt ginn. Mir schwätzen am Podcast vun dëser Woch doriwwer, wéi et zu dëser Decisioun koum an wisou se grad elo getraff gouf. Dofir erziele mir net just vun den sëllege Kompensatiounsmoossnamen, déi néideg wieren, mä och vun engem militäresche Grond. Donieft gi mir awer och op déi politesch Reaktiounen op déi Nouvelle an.

Link zum Artikel: Umgehungsstraße Niederkerschen: Tunnel statt Verkehrspolitik

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...