Am Bistro mat der woxx #239 – D’Ierwe vun Esch 2022

von | 26.05.2023

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Chaos. Esou léisst sech dat, wat zu Esch vun Esch 2022 iwwreg bliwwen ass, an engem Wuert beschreiwen. Besonnesch am Bâtiment 4, dem alternativen, selbstverwaltete Kulturzentrum, rumouert et. Esou sollen do elo Mataarbechter*inne vun der Stad Esch eraplënneren an d’Selbstverwaltung net méi gëllen, heescht et vu Kënschtler*innen. D’Stad Esch schwätzt vu villen eidele Reim, déi net méi genotzt géife ginn. Och bei der Kulturfërderung gesäit et esou aus, wéi wann Esch sech iwwerholl hätt. Am Podcast erkläre mir Detailer – a schwätzen iwwert Situatioun an anere Südgemengen.

Lauschtert awer och déi aktuell Episod vun eisem Kulturpodcast, wou mir mam Maxime Bender, Präsident vum Netzwierk Réseau an Direkter vum Trifolion Echternach, iwwert kommunal Kulturpolitik schwätzen.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Esch2022: 
Scherben oder Erbe?

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...