All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Den 9. Juni ware Gemengewalen zu Lëtzebuerg, an dat schlecht Resultat vun Déi Gréng huet d’Partei äiskal erwëscht. Am Podcast gi mir op d’Sich no den Ursaache vun de Stëmmeverloschter. Ass et wierklech nëmmen, well esou vill nei Leit op de Lëschte vun Déi Gréng ugetruede sinn, oder ginn et och nach aner Grënn, wéi zum Beispill déi vill Krisen, déi staark Suergen an de Wonsch no Stabilitéit ausléisen? Mir kucken eis och un, wat d’Partei elo maache kann, fir bei de Nationalwale besser ofzeschneiden.
Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
Déi Gréng : douche froide après les années d’euphorie
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #241 – Themen, déi am Gemengewalkampf ze kuerz komm sinn
- Am Bistro mat der woxx #240 – Ass de gliesene Plaffong bei auslännesche Kandidat*inne gebrach?
- Am Bistro mat der woxx #287 – Migratiounspolitik am EU-Walkampf
- Am Bistro mat der woxx #259 – Wat gëtt an de Koalitiounsverhandlungen iwwer Rassismus, LGBTIQA+ a Klima geschwat?
- Am Bistro mat der woxx #258 – Wat hunn Déi Gréng mam Rietsruck ze dinn?