Am Bistro mat der woxx #272 – Wisou et warscheinlech zu engem Rietsruck bei den EU-Wale komme wäert

von | 16.02.2024

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’Prognose fir Europawalen am Juni déiten op ee Rietsruck hin. Et gesäit esou aus, wéi wann eng vun deenen zwou riets-aussen Gruppen déi drëttstäerkst Kraaft no der Sozialdemokratie an der EVP wäert ginn. Am Podcast erkläert den Thorsten Fuchshuber dem Joël Adami, wisou dat esou ass a wat déi gefillten Alternativlosegkeet vun der aktueller Politik domadder ze dinn huet. Si schwätzen och doriwwer, wisou vill konservativ Parteie mat hirer Politik d’Dir fir déi Rietsextrem wäit op maachen.

 

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:

 Europawahlen: Rechte profitieren weiter vom Credo der Alternativlosigkeit

https://soundcloud.com/woxx-21532663/wisou-et-warscheinlech-zu-engem-rietsruck-bei-den-eu-wale-komme-waert

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

DÄITSCHLAND

Wahlen in Sachsen-Anhalt: Die Gefühlsgemeinschaft

Am Sonntag wird im ostdeutschen Bundesland Sachsen-Anhalt eine neue Landesregierung gewählt. Mit Krisenrhetorik hält die „Alternative für Deutschland“ (AfD) ihre Wähler*innen in Alarmbereitschaft und schüchtert zugleich Gegner*innen und Minderheiten ein. Im Internet-Wahlkampf zeigt sich besonders deutlich, wie die Partei mit der Lust an der Angst Propaganda betreibt.

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #396 – Um Tour mam Dynamobile

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Zanter 1995 fuere Leit aus der Belsch ënnert dem Numm Dynamobile zesummen an d'Vakanz – mam Vëlo. Néng Deeg laang si ronn 130 Leit op zwee Rieder ënnerwee, ënnert hinnen och vill Kanner. Dëst Joer fiert hir Expeditioun duerch Lëtzebuerg, an d'woxx-Journalistin...