All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch hu Flüchtlinge mat engem oppenen Bréif an enger Pressekonferenz op déi onmënschlech Liewensbedingungen an de Strukture vum ONA, wou si ënnerkomm sinn, opmierksam gemaach. Si hu keng Privatsphär, dacks ass d’Hygiène schlecht an d’Sécherheet, besonnesch vu Fraen, net garantéiert. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui, wéi si déi Kritik anuerdent a wisou dës Zoustänn ee Symptom fir ee gréissere Problem zu Lëtzebuerg sinn.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Mut in der Not
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

