Podcast: Am Bistro mat der woxx #098 – Jugendhaiser an der Pandemie

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Och wärend dem Confiment hunn d‘Jugendhaiser zu Lëtzebuerg weider funktionéiert. Dat allerdéngs net wéi normal als Struktur, wou d‘Jugendlecher kënnen hikommen, mä eben digital. Obwuel d‘Schoulen erëm op sinn, bleiwen d‘Jugendhaiser am Moment nach zou. De Joël Adami an d‘Tessie Jakobs schwätzen haut am Podcast doriwwer, wéi déi oppe Jugendstrukturen digital mat hire Jugendlecher a Kontakt bliwwe sinn, wat fir Aktivitéiten si ugebueden hunn a wéi et deene Jugendlecher ergeet, déi einfach just eng Persoun brauchen, mat där si iwwert hir Problemer schwätze kënnen. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #097 – Biodiversitéit an Pandemien

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Pandemien entstinn och, well mir ëmmer méi an d‘Natur agräifen. Wéi kann een*t dogéint virgoen? D‘läscht Woch huet d‘Europäesch Kommissioun hir nei Biodiversitéitsstrategie virgestallt. 30 Prozent vun de Land- a vun den Mieresflächen an der Unioun sollen ënner Naturschutz gestallt, d‘Béie gerett an dräi Milliarde Beem geplanzt ginn.

Wäert de Plang hëllefen, eis virun zukünftege Pandemien ze schützen? Wéi gesäit et mat dem vill zitéierte „System Change“ aus, deen dacks gefuerdert gouf? D‘Isabel Spigarelli an den Joël Adami schwätzen an dëser Episod iwwert dës Froen – dir gitt dann awer och gewuer, wisou een*t beim Podcasten heiansdo eng Int brauch. mehr lesen / lire plus

Kultur-Podcast: Um Canapé mat der woxx #06 – The Half of It

D’Tessie an d’Isabel hunn den neien Netflix-Film The Half of Itgekuckt. Wat si iwwer de Slogan „A diffrent kind of lovestorydenken, wien e Knaschtert ass a wisou „sans plus“ d’Expressioun vum Podcast ass, gitt dir an der neier Episode vun „Um Canapé mat der woxx“ gewuer.

Bildquelle: Netflix

De Paul verléift sech an The Half of It gläich zweemol. DEllie (riets) an dAster (lénks) verbënnt gläichzäiteg eng ganz eege Relatioun. The Half of It – ee Film vun der Regisseurin a Scénaristin Alice Wu, deen den 1. Mee 2020 op Netflix verëffentlecht gouf – thematiséiert eng Dräiecksbezéiung tëscht Jugendlecher. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #096 – Systemwiessel amplaz Neistart?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Et ass mëttlerweil ee Klischee, datt d’Klimakris net einfach wéinst der d’Covid-19-Kris opgehalen huet. Vill zivilgesellschaftlech Acteure fuerderen elo, datt d’Regierung d’Geleeënheet ergräift an déi wirtschaftlech Relance esou gestallt, datt eis Aart a Weis ze wirtschafte grondleeënd geännert gëtt. Am Edito vun dëser Woch hunn mir eppes ganz Änleches gefuerdert: Et brauch ee Systemwiessel, fir datt mir net vun der Pandemie an d’Klima-Apokalypse lafen. Am Podcast vun dëser Woch schwätzen d’Isabel Spigarelli an de Joël Adami doriwwer, wisou dat esou ass. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #095 – Ausbeutung an der Réserve sanitaire

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Fir wärend der Covid-19-Kris ze hëllefen, goufe Schüler*inne vum LTPS an d‘Réserve sanitaire agezunn. Dofir kruten si en CDD. Elo soll deen awer éischter ophalen, wéi dat ugangs versprach gi war. Dat ass am Fong rechtlech net méiglech a muss am commun accord passéieren. D‘Isabel Spigarelli schwätzt dës Woch mam Joël Adami iwwert dëse Fall an aner Problemer, déi d‘Schüler*inne mat der aktueller Situatioun hunn. Si berichten och vun aneren Ongereimtheete mat hire Kontrakter, vu schlechter Stëmmung, schlechtem Material a mentaler Belaaschtung. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #094 – Mat Contact-Tracing-Apps aus dem Lockdown?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Vill Leit wënschen sech en Enn vum Confinement, an dofir gëtt de Ruff no enger App, mat deem dat méi séier sollt goen, ëmmer méi haart. Allerdéngs ginn et bei deene sougenannte Contact-Tracing-Apps ganz vill Onsécherheeten, wat den Dateschutz ugeet. Isabel Spigarelli a Joël Adami schwätzen dës Woch doriwwer, wat fir verschidde Methoden et ginn, de Contact-Tracing ze maachen, wéi d’Erfarungen aus anere Länner sinn an op et eng lëtzebuergesch App wäert ginn. Ausserdeem diskutéieren d’woxx-Journalist*innen d’Méiglechkeete fir Abus, déi sou eng App géif bidden. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #093 – Wisou kuckt jiddereen*t Tiger King?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An dëser Episod vun eisem woxx-Podcast ginn d’Isabel Spigarelli an de Joël Adami der Fro no, wisou gefillt all Mënsch grad op Netflix d’True-Crime-Doku Tiger King kuckt. Ass et dann iwwerhaapt eng True-Crime-Serie, oder awer éischter esou eppes wéi eng Doku-Soap oder Reality TV? A wat fir problematesch Aspekter vun de Personnagë ginn zwar gewisen, mä net richteg diskutéiert?

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify/ mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #092 – Ee grousse Koup Schäiss

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Um Cover vum Agendadeel vun der woxx ass dës Woch ee grousse Koup Kouschäiss. Ass dat ee Symbol dofir, wéi mir d’Quarantän fannen? Nee, et geet ëm Konscht, an eng virtuell Expo, déi sech d’Isabel Spigarelli dës Woch ugekuckt huet. Zesumme mam Joël Adami diskutéiert si, wéi et ass, sech just nach um Computer duerch Muséeën ze beweegen a wat d’Vir- an d’Nodeeler dovunner sinn, dëst ze maachen.

Donieft erklären d’woxx-Journalist*innen, wisou d’woxx dës Woch bal net erauskomm wier an dach méi fréi wéi normal an der Bréifkëscht gelant ass. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #091 – Schoul doheem fir geflüchtet Kanner

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Engem Sondage vum Educatiounsministère no sinn Elteren a Proffen zefridden domadder, wéi Schoul doheem funktionéiert. An wat ass mat de Schüler*innen? Déi sinn net gefrot ginn – mä et gi souwisou grouss Ënnerscheeder. De Joël Adami an d’Isabel Spigarelli schwätzen dës Woch doriwwer, wéi et vir geflüchtet Kanner ass, aus der Distanz mussen ze léieren: Net nëmme Plaz- a Kommunikatiounsproblemer, mä och psychesch Wonne sinn hei Barrièren.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify/ mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Kultur-Podcast: Um Canapé mat der woxx #05 – Feel Good, Ep. 6

Loscht mat der woxx ze streamen? D’Tessie an d’Isabel kucken déi nei Netflix-Serie „Feel Good“ – a schwätzen iwwert Queerness, toxesch Bezéiungen, Sucht a Sex um Écran. Hei ass déi fënneft a läscht Folleg zur éischter Staffel vu der Serie „Feel Good“.

© Netflix

D’Tessie an d’Isabel brauchen Ofstand vum Mae – dat no der leschter Episode vu der Serie „Feel Good“. An dëser Folleg vu „Um Canapé mat der woxx“ schwätzen déi zwee ënnert anerem iwwert déi differenzéiert Duerstellung vu de Personnagen, Frëndschaften a Réckfäll, awer och iwwert hir ufänglech Erwaardungen a Serien, déi „Feel Good“ änlech sinn.

An der Staffel-Final gëtt d’Mae réckfälleg a mat de Konsequenze vu sengem allgemenge Verhale konfrontéiert.  mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #090 – Gëtt den Internet esou knapp wéi den Toilettëpabeier?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch schwätzen de Joël Adami an d’Isabel Spigarelli am woxx-Podcast doriwwer, ob den Internet an Zäite vu Selbstisolatioun a Social Distancing kéint knapp ginn. Vill Leit maachen Homeoffice an notzen hir fräi Zäit dozou, Netflix oder aner Streamingservicer ze kucken – halen d’Leitungen zu Lëtzebuerg dat aus? Donieft beschäftegt d’woxx-Journalist*innen awer och d’Fro, wat fir een Impakt dee ganze Streaming op d’Ëmwelt huet, an op dee wierklech esou schlëmm ass, wéi dacks gesot gëtt.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify/ mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Kultur-Podcast: Um Canapé mat der woxx #04 – Feel Good, Ep. 4-5

Loscht mat der woxx ze streamen? D’Tessie an d’Isabel kucken déi nei Netflix-Serie „Feel Good“ – a schwätzen iwwert Queerness, toxesch Bezéiungen, Sucht a Sex um Écran. Hei ass déi véiert Folleg.

© Netflix

De Weekend vum Begriefnis vun der Familljen-Kaz, Gender-Froen, den Emgang mat Suchtkrankheet ënnerhalb vu enger Famill – déi véiert an déi fënneft Folleg vun „Feel Good“ hunn dem Tessie an dem Isabel vill Diskussiounsstoff geliwwert. Enger Meenung waren si dobäi net.

An der véierter Folleg vun „Feel Good“ treffen d‘ George an d‘ Mae op deem seng Elteren. Si verbréngen zesummen ee Weekend, woubäi interessant Facettë vum Mae un d’Liicht kommen. mehr lesen / lire plus

Kultur-Podcast: Um Canapé mat der woxx #03 – Feel Good, Ep. 3

Loscht mat der woxx ze streamen? D’Tessie an d’Isabel kucken déi nei Netflix-Serie „Feel Good“ – a schwätzen iwwert Queerness, toxesch Bezéiungen, Sucht a Sex um Écran. Hei ass déi drëtt Folleg.

© Netflix

D’Tessie an d’Isabel si bei der drëtter Folleg vun der Netflix-Serie „Feel Good“ ukomm – an diskutéieren ënner anerem des Froen: Wéi wierkt sech déi affektiv Zefriddenheet an enger Bezéiung op d’Sexliewe vun enger Koppel aus? A wéivill Contenu verdréit eng Episode?

An der drëtter Folleg vun „Feel Good“ erkennt d’Mae, datt et him méi a méi zousetzt, datt d’George hir Bezéiung viru senge Frënn a senger Famill verheemlecht. mehr lesen / lire plus

Kultur-Podcast: Um Canapé mat der woxx #02 – Feel Good, Ep. 2

Loscht mat der woxx ze streamen? D’Tessie an d’Isabel kucken déi nei Netflix-Serie „Feel Good“ – a schwätzen iwwert Queerness, toxesch Bezéiungen, Sucht a Sex um Écran. Hei ass déi zweet Folleg.

© Netflix

Nodeems d’Isabel an d’Tessie gëschter den Trailer an déi éischt Folleg vun der Netflix-Serie „Feel Good“ beschwat hunn, knäppe se sech haut déi 2. Folleg vir. Dës Kéier sti virun allem d’Duerstellung vu Suchterkrankung, toxesche Relatiounen an Coming-out am Virdergrond.

An dëser Folleg vu „Feel Good“ verbréngen d’Mae an d’George fir di éischte Kéier e Weekend getrennt vuneneen. Während dat George virun d’Erausfuerderung stellt, sengen Obsessiounen net nozeginn, kann d’George nach ëmmer net oppen zu senger Bezéiung stoen. mehr lesen / lire plus

Kultur-Podcast: Um Canapé mat der woxx #01 – Feel Good, Ep. 1

Loscht mat der woxx ze streamen? D’Tessie an d’Isabel kucken déi nei Netflix-Serie „Feel Good“ – a schwätzen iwwert Queerness, toxesch Bezéiungen, Sucht a Sex um Écran. Hei ass déi éischt Folleg.

Déi aktuell sanitär Kris stellt d’Mënsche ronderëm d’Welt viru grouss Erausfuerderungen. Mee et muss een och dat Positivt gesinn, gëtt déi aktuell Situatioun dach och Geleeënheet, fir Saachen ze maachen, déi virdru leie bliwwe sinn an nei Projeten ze starten. E Resultat dovun ass eng Podcast-Reih, an däer d’woxx an enger éischter Phas vum Canapé aus déi nei Netflix-Serie “Feel Good” ënnert d’Lupp hëlt. Déi insgesamt sechs Folgen bidden d’Geleeënheet fir iwwer Theme wéi Queerness, Coming-out, Sucht an affektiv a sexuell Gesondheet ze diskutéieren – Themen, déi d’woxx als queerfeministesch Zeitung souwisou d’ganz Joer iwwer beschäftegen. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #089 – Moderatioun vun Hate Speech

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch kritt dir eng bëssen aner Episod vum woxx-Podcast. Amplaz an eisem normale Studio hu mir dës Kéier nämlech bei zwee woxxies am Gaart opgeholl. De Joël Adami an d’Isabel Spigarelli schwätzen engersäits doriwwer, wéi de forcéierten home-office sech op d’Aarbecht vun der leschter Woch ausgewierkt hunn.

Anersäits steet eng ganz aner Fro am Mëttelpunkt, nämlech déi, wéi een*t mat Hate Speech a sozialen Netzwierker an soss Lieser*innenkommentaren ëmgoe soll. Wéi ginn zu Lëtzebuerg Kommentare moderéiert? An wisou wier et wichteg, Hate Speech besser ze moderéieren an dofir och méi Ressourcen zur Verfügung ze stellen? mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #088 – Wéi realistesch ass de Bio-Aktiounsplang?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Wann net jidderee géif iwwert den Coronavirus schwätzen, wier de Bio-Aktiounsplang vläicht d’Thema vun der Woch gewiescht. D’Tessie Jakobs an de Joël Adami analyséieren, wéi de Plang opgebaut ass, wat fir Stäerkten a Schwächten en huet, an op d’Zil vun der Regierung, bis 2025 ganzer 20 Prozent vun der landwirtschaftlecher Fläch zu Lëtzebuerg biologesch ze bewirtschaften, iwwerhaapt realistesch ass.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify/ mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #087 – Déi schwiereg Aarbechtskonditiounen am Botzsecteur

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den 8. Mäerz ass internationale Fraekampfdag. Een Dag virdru gëtt zu Lëtzebuerg deen éischte Fraestreik organiséiert, deen d‘Care-Aarbecht als Thema gesat huet. Passend dozou schwätzen de Joël Adami an d‘Isabel Spigarelli dës Woch am Podcast iwwert d‘Aarbechtskonditiounen am Botzsecteur zu Lëtzebuerg.

Déi sinn nämlech alles aneschters wéi einfach: de Loun ass niddreg, Iwwerstonnen a Mobbing stinn un der Dagesuerdnung. En plus schaffen d‘Firme mat knaschtegen Tricken, fir onbequem Aarbechter*inne lass ze ginn. Déi kënnen sech dacks net wieren, well si op direkt e puer Manéiere marginaliséiert sinn. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #086 – Esch2022 an den Ausverkaf vun der Kulturzeen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Virun enger Woch ass een éischten Tëschebilan vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch 2022 gezu ginn. No engem Wiessel vum Team a villen Diskussioune wollt ee weisen, datt elo alles riicht géif lafen. Allerdéngs war déi Präsentatioun éischter mat enger Disneyland-Attraktioun ze vergläiche wéi mat enger Pressekonferenz.

De Joël Adami schwätzt am Podcast mam Luc Caregari doriwwer, wisou dat esou war a wat fir Problemer nach ëmmer bestinn. Dat sinn engersäits d‘Finanzen an anerersäits onbegrënnte Virwërf géigeniwwer de fréiere Coordinateur*innen.

 

mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #085 – D’Militär an de Klimaplang géint d’Klimakris

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D‘Klimakris huet d‘woxx dës Woch wéinst zwee Theme beschäftegt: wéinst dem „World Climate Security Report“ a wéinst dem nationalen Energie- a Klimaplang. De Joël Adami an de Raymond Klein schwätzen iwwert dës zwee Rapporten. Wann Ex-Genereel virun der Klimakrise warnen, heescht dat, datt d‘Arméien elo gréng ginn oder ass dat just hir Aufgab, well sech eng ganz Rëtsch Sécherheetsfroe stellen? Wéi gesäit et mat der militärescher Selbstkritik aus, ëmmerhi verbrauchen Arméie jo och immens vill CO2? De Raymond Klein beäntwert déi Froen. mehr lesen / lire plus