All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Sollte Mënsche – meeschtens sinn et Frae –, déi doheem bléiwen an Care- an Hausaarbecht maachen, dofir bezuelt ginn? Dës Fro suergt zanter den 1970er-Jore fir vill Diskussiounen an och Sträit an der feministescher Beweegung. Kuerz virum 8. Mäerz schwätze mir am Podcast doriwwer, wéi déi Fuerderung no engem Loun fir Hausaarbecht entstanen ass, an wéi sech déi Lëtzebuerger Parteien dozou positionéieren. Mir ginn awer och op déi Widderspréch an, déi sech an där ganzer Diskussioun ronderëm Aarbecht, ob doheem oder am Betrib, stellen.
Link zum Artikel, iwwer dee mir schwätzen:
Arbeit im eigenen Haushalt: Anerkennung ja? Geld nein?
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #147 – D’Colleuses am Kampf géint Feminiziden
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #107 – MEGA enttäuschend
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #103 – Homosexualitéit a Männlechkeet
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #050 – Diskriminéierung a politesch Korrektheet
- Am Bistro mat der woxx #306 – Das Patriarchat in Flammen?