Am Bistro mat der woxx #228 – Wat hunn d’Assises du logement bruecht?

von | 24.02.2023

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Zu der chronescher ass elo um Wunnengsmarché nach eng akut Kris dobäi komm: Logementsprojete riskéieren net gebaut ze ginn, well sech net fir all d’Wunnengen een*g Keefer*in fënnt. An do soll de Staat elo asprangen – mä wat mécht dee mat 300 Quadratmeter- Luxuswunnengen? Am Podcast schwätze mir net nëmmen iwwert déi Iddi, mä och iwwert Fro, ob zu Lëtzebuerg net ganz dacks um Marché oder un de Noutwendegkeete laanscht gebaut gëtt. Mir erklären och, wat den Investor*innen-Modell ass, a wisou sech domadder déi aktuell Wunnengsnout net léise kann. D‘Reform vum Mietgesetz ass een weidert Thema, grad esou wéi d‘Fro, wat fir Léisungen op den „Assises du logement“ virgeschloe goufen.

Links zu den Artikeln, iwwer dee mir schwätzen:
Assises nationales : Cinq heures pour le logement
Wohnungsnot und Baukrise: Rendite versus Bedarf

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...