Eng Fra am lëtzebuergeschen Hip-Hop: „Dat sinn ech – ouni Filter“

Ënnert dem Kënschtlernumm 
Nicool bréngt d’Nicole Bausch als éischt Fra en Hip-Hop-Album „Den Ufank vum N“ op Lëtzebuergesch eraus. E Gespréich iwwert feministeschen Hip-Hop, Sprooch 
a „Féck Lëtzebuerg“.

D’Nicole Bausch studéiert Psychologie am Master zu Bréissel. Déi 23-Joer al Studentin wëll spéiderhin als Psychotherapeutin zu Lëtzebuerg schaffen. Hir Hip-Hop-Carrière ka si sech zur Zäit éischter als Hobby wéi als Haaptberuff virstellen. (Fotos: Liliana Francisco)

woxx: Déi lëtzebuergesch Hip-Hop-Zeen ass bis dato e Männerdomaine.Du bass mat eng vun den éischte Fraen, déi hei am Land en Hip-Hop-Album verëffentlecht. Setzt du domadder e feministescht Statement?


Nicole Bausch: Ech hunn an éischter Linn net aus feministesche Grënn mat der Musek ugefaangen. Mä e Statement fir Fraen ze setzen ass natierlech e positiven Nieweneffekt dovun: Ech sinn eng jonk Fra, déi sech dohinner stellt a weist, datt Hip-Hop ze maachen näischt mam Geschlecht ze dinn huet.

An awer existéiere geschlechtsspezifesch Stereotyppen an dem Musek-Genre, oder?


Generell hunn ech den Androck, datt et hei am Land an der Hip-Hop-Zeen keen Ënnerscheed mécht ob Mann oder Fra, jonk oder al. Vu mengem Label „De Läbbel“ sinn ech gutt empfaange ginn. Et si méi Kléngegkeeten, déi mir opfalen: Ech gouf am Studio zum Beispill gefrot, op ech kéim, fir ze sangen – well Rap einfach ëmmer nach net mat Frae verbonne gëtt. Oder ech ginn ëmmer nees drop higewisen, datt et couragéis ass als Fra Hip-Hop ze maachen – datt et sou cool ass, datt ech als Fra en Hip-Hop-Album erausbréngen. Als Mann géif ech dat net gesot kréien.

Kanns du dir virstelle feministeschen Hip-Hop ze maachen?


Nee, am Moment net. Ech gesi Geschlechtnorme generell net sou enk, well ech souwisou ni vill drop ginn hunn. Ech hu mir ni Gedanken iwwert mäin Ausgesinn oder iwwert mäin Image gemaach. Ech lafen a breede Boxen a mat Sneakere ronderëm an takele mech net op, just well dat vu mir als Fra vläicht vun der Gesellschaft erwaart gëtt. Ech sinn, wéi ech sinn. Ech hat awer am Ufank kuerz iwwerluecht mäin Album „Vibelechkeet“ ze nennen.

Firwat hues du et net dobäi belooss?


Ech well net dorop reduzéiert ginn, datt ech eng Fra sinn. Mir geet et virun allem dorëms Musek ze maachen, Spaass ze hunn an sou ville Leit wéi méiglech ze weisen, datt, wann een eppes wëll, een et erreeche kann. Och wann et dauert.

War eng Hip-Hop Carrière da schonn ëmmer däin Dram?


Ech hunn ëmmer scho versicht meng Gefiller an Texter auszedrécken. Virun allem, wann ech net schlofe konnt. Mä ech hunn déi net geschriwwen, fir se ze vertounen. Ech si faszinéiert dovunner, wéi vill een mat Sprooch kann ausdrécken. Am Lycée hunn ech gäre Gedichter ausernee geholl an Texter interpretéiert. Hip-Hop ze maache war awer net de Plang.

Wéini koum dunn den Déclic fir mam Hip-Hop unzefänken?


Dat war 2016 nodeems ech op engem Concert vum RA Rugged Man war. D’Energie op der Bühn an alles ronderëm, hu mech dozou beweegt selwer Hip-Hop ze maachen.

War et schwéier an d’Zeen eranzekommen?


Eigentlech net. Ech hunn d’Gefill, datt een zu Lëtzebuerg séier mat Leit a Kontakt kënnt, déi ganz uewe stinn an der Hip-Hop-Zeen. Dat läit sécher och un der Gréisst vum Land a vun der Zeen. Si ass zwar méi grouss, wéi ee kéint mengen, mä am Verglach zu anere Länner natierlech ëmmer nach iwwersiichtlech. Ech hat relativ séier Kontakt zum David Galassi vun „De Läbbel“ – sou sinn ech och schnell an der Zeen weiderkomm. Bis zum Album huet et dunn awer nach eng Zäit gedauert.

Huet dech dat gestéiert?


Nee, et war souguer gutt, datt sech dat Ganzt gezunn huet. Ech hat doduerch d’Méiglechkeet ze evaluéieren a mir Gedanken iwwert de Projet ze maachen. Et ass awer sou, datt ech verschidden Texter scho virun enger Rei Jore geschriwwen hunn. Aus deem Grond erkennt ee vläicht kee roude Fuedem am Album, well net alles aus engem Goss ass.

Eng Eegekritik?


Jein. Et ass eben sou, datt ee sech iwwert d’Jore weiderentwéckelt a sech verännert. Dowéinst huet ee dann och en anere Bléck op seng Texter an op seng Gefiller. Ech gesi mäin Album wéi e Kuch, den ech mat ganz vill Léift zesumme mat anere Leit gebak hunn. Mir hunn alles dragestach, wat mir haten. Mat der Release stellen ech de Kuch op den Dësch a jidderee ka sech e Stéck dovunner huelen. Wiem et net schmaacht, dee muss net iessen. Ech gesinn dat ganz relax.

Foto: Liliana Francisco

Wéi eng Themen, beschäftegen dech an dengen Texter?


Dat si virun allem Alldagsgedanken. A „Fake Biatch“ (Bitch; Um. vun der Red.) schwätzen ech iwwert eng falsch Frëndin, a „Faul a bequem“ iwwer Prokrastinatioun – do sinn ech selwer ganz gutt dran – an nach anere Lidder iwwer Respekt oder Léift. Och iwwer meng Léift zum Hip-Hop.

Du studéiers Psychologie. Fléissen och Themen aus dengem Studium an deng Texter mat eran?


Nee, net wierklech. Mir hunn eis bis elo virun allem mat Theorien auserneegesat. Dat war dréchen. Déi hu mech net inspiréiert, Texter ze schreiwen. An der Läscht hunn ech awer verschidde Stagë gemaach, déi mir scho méi ze denke ginn hunn. Vläicht bréngen ech déi Erfarunge spéider an Texter an. Ech géif meng aktuell Texter par contre net onbedéngt als ex-
trem „deep“ beschreiwen.

An engem rezenten Interview am Le Jeudi sees du, dass du dech als Beobachterin gesäis an net als Persoun, déi mat hiren Texter aner Leit jugéiert.


Ech gesi mech net an der Positioun anerer fir hir Entscheedungen ze veruerteelen. Ech si mir och bewosst, datt de Klimawandel an d’Ëmweltverschmotzung akut Problemer sinn – mä dat si momentan keng Themen, déi ech wëll a menger Musek beschwätzen. Vläicht ännert sech dat och an e puer Joer. Wéi mäin Album-Titel et jo scho seet: Dat hei ass den „Ufank vum N“ (grinst).

Mä ass de Choix vun deem, wat ee beschreift, net och schonn eng Form vun Jugement?


Kloer, ech siche mir eraus, wat ech a mengen Texter thematiséieren – an domadder ginn ech der Saach schonn eng gewësse Bedeitung. Mä ech maachen dat léiwer op eng subtil Manéier. Ech sinn net dee Mënsch, den direkt ugräift.

E „Féck Lëtzebuerg“ héiere mir vun dir deemno net?


(laacht) Ech si méi fir déi spilleresch an humoristesch Ausdrocksweis. Ech fannen et méi spannend d’Saachen tëscht den Zeilen ze soen.

Gehéiert eng direkt Sprooch net deelweis zum Hip-Hop?


Fir mech ass Hip-Hop eng Méiglechkeet seng Gefiller auszedrécke – dat ka rosen awer och relax sinn. Hip-Hop huet generell kee proppere Language. E spigelt den eegene Vocabulaire. Wat ech iwwregens interessant fannen ass, datt grad op lëtzebuergesch méi op d’vulgär Sprooch aus dem Hip-Hop opgepasst a reagéiert gëtt.

Wéi mengs du dat?


„Féck“ kritt däitlech méi Opmierksamkeet hei am Land wéi „Fuck“. Wann dat englescht Wuert an engem Lidd virkënnt, ass d’Opreegung manner grouss. Ech hunn zum Beispill an engem Text „Fotz“ benotzt an dat war no engem vu mengen Optrëtter dat eenzegt, wat bei enger Persoun aus dem Publique hänke bliwwe war. Si huet mech drop ugeschwat, obwuel ech sou vill aner Saache gesot hunn. Ech hu schonn den Androck, datt d’lëtzebuergesch Sprooch deene Leit, déi se verstinn a schwätzen, vill méi no geet.

Du selwer goufs op YouTube fir däi Choix op lëtzebuergesch ze rappe kritiséiert. Et wier keng Sprooch, déi sech dofir géif eegenen – ze lues, ze onästhetesch …


Stëmmt, déi Kritik gouf et. (laacht) Ech fille mech am Lëtzebuergeschen awer am wuelsten. Ech si faszinéiert dovunner an där Sprooch ze reimen. Et ass méi interessant fir mech, Texter a menger Mammesprooch ze schreiwen. Dat sinn ech – ouni Filter.

D’Nicool presentéiert hiren Debutalbum „Den Ufank vum N“, de 7. Juni, am Café De Gudde Wëllen. Deen Owend gëtt et zousätzlech eng Läbbel Session op d’Oueren. Mat dobäi sinn Edel Weis, Maka MC, BC One, Fluit, Evy an BTM. Nom Release leet den DJ PC op an am Keller vum De Gudde Wëllen gëtt et en Jungle-Set vun Slunnes & Jesta. Den Event fänkt um 21 Auer un, den Entrée kascht 10 Euro. Tickete ginn et online an un der Oweskeess.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.