Kultur-Podcast: Um Canapé mat der woxx #06 – The Half of It

von | 29.05.2020

D’Tessie an d’Isabel hunn den neien Netflix-Film „The Half of It“ gekuckt. Wat si iwwer de Slogan „A diffrent kind of lovestory“ denken, wien e Knaschtert ass a wisou „sans plus“ d’Expressioun vum Podcast ass, gitt dir an der neier Episode vun „Um Canapé mat der woxx“ gewuer.

Bildquelle: Netflix

De Paul verléift sech an „The Half of It“ gläich zweemol. D’Ellie (riets) an d’Aster (lénks) verbënnt gläichzäiteg eng ganz eege Relatioun. „The Half of It“ – ee Film vun der Regisseurin a Scénaristin Alice Wu, deen den 1. Mee 2020 op Netflix verëffentlecht gouf – thematiséiert eng Dräiecksbezéiung tëscht Jugendlecher. Déi éischt Schwäermerei, Reflexiounen iwwer queer an heterosexuell Léift – alles Themen, déi am Film ugeschwat ginn.

D’Tessie an d’Isabel sinn dovunner begeeschtert – an awer och net. Matt gemëschte Gefiller hunn si de Film ugekuckt an sech deelweis an hir eege Jugend zréckversat gefillt. Wat si u Schwammen an enger waarmer Quell an engem Kuss zum Schluss gestéiert huet? Lauschtert eran an de Kultur-Podcast „Um Canapé mat der woxx“.

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...