Kultur-Podcast: Um Canapé mat der woxx #08 – I’m Thinking of Ending Things

von | 19.09.2020

D’Tessie Jakobs an d’Isabel Spigarelli schwätzen zesummen iwwert den Film „I’m Thinking of Ending Things“: Wéi onkonventionell dierf eng Erzielung sinn? Wéivill Metaebene kann een engem Publique zoumudden? Lauschtert eran.

Bildquell: Netflix

Eng heterosexuell Koppel fiert dem Mann seng Elteren op hire Bauerenhaff besichen. Schonn am Auto um Wee dohinner gëtt kloer: Do stëmmt eppes net. Wien vun de Personnagen ass real? Wien just eng Fantasie? De Regisseur Charlie Kaufmann féiert de Publique an d’Bannenliewe vun engem Personnage an, an dem sech Erënnerungen, Virstellungen an Erwaardunge vermëschen.

D’Tessie Jakobs an d’Isabel Spigarelli hunn läscht Woch an der Podcast-Folleg „Am Bistro mat der woxx #111 – Wéi léisst sech ee Film rezenséiren, dee kee ass?“ driwwer geschwat, wéi een iwwert ee Film, dee kee ass, eng Rezensioun schreift.  An dëser Folleg vun „Um Canapé mat der woxx“ diskutéieren si lo iwwert den Inhalt – iwwert d’Verschwamme vu Realitéit a Fantasie, vun Hoffnungen an Ängschten, Wansinn a Langweil. Passt op: Et gi Spoiler.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...