Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #17 Queer Konscht oder Party?

von | 28.06.2022

Um Canapé mat der woxx gëtt d‘ Luxembourg Pride gefeiert, déi vum 1. bis de 10. Juli zu Lëtzebuerg stattfënnt : Den Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg an de Fotograf Pit Reding sinn dofir op Besuch. Si tauschen sech iwwert de neie Queer Arts Festival aus an diskutéiere iwwert Politik a Party.

Copyright: Isabel Spigarelli/woxx

Am Juni gëtt weltwäit un d‘ Stonewall Riots vu 1969 geduecht, bei deenen sech zu New York eng sëllege LGBTIQA+ Persoune géint Policegewalt a Stigmatiséierung gewiert hunn. Dorausser huet sech déi sougenannte Pride entwéckelt, déi och zu Lëtzebuerg säit iwwer 20 Joer hir Plaz huet. Mä wat huet Konscht do verluer? A wisou ass et wichteg, nieft enger politescher Agenda och duerch d‘ Strooss ze danzen? Den Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg, der Organisatioun déi d‘ Luxembourg Pride organiséiert, an de Pit Reding, Fotograf mat engem Fokus op queert Liewen, diskutéieren doriwwer. Den Andy Maar verréit, wisou dëst Joer fir d‘ éischt Kéier e Queer Arts Festival stattfënnt, wat d‘ Haaptgebai vu der Pride – de Bâtiment 4 zu Esch – mat Inclusioun ze dinn huet a wisou sech Party a Politik net ausschléissen. Dotëscht gëtt de Pit Reding Abblécker a seng Aarbecht an de Kontakt mat anere queere lëtzebuergesche Kënschtler*innen: Gëtt et sou eppes, wéi eng queer Konscht-Community? Wisou wier déi wichteg? Huelt Plaz um Canapé a lauschtert eran!

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android.

Informatiounen zur Luxembourg Pride souwéi de ganze Programm fannt Dir op luxembourgpride.lu. Wann Dir um Pit Reding sengem Wierk interesséiert sidd, da kuckt Iech seng Website klickcreativestudio.com un.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...