Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #18 Museksausbildung demokratiséieren

von | 26.07.2022

Dëse Mount gëtt et rëm musikalesch um Canapé mat der woxx: De Helder Da Graça, Member vu Finkapé, ass op Besuch mam Projet Klang Keller. Hien zielt vu Schloflidder, Musek fir an de Musée an enger Museksausbildung, déi weder no sozialer Klass nach no Genre funktionéiert.

Copyright: Isabel Spigarelli/woxx

Musek brauch keng Wieder – stëmmt dat? Oder versiche Mënschen se awer mat Begrëffer ze beschreiwen, déi hir ni gerecht kënne ginn? Dës an aner Froen diskutéiere de Helder Da Graça, Leeder vum Projet Klang Keller vu Finkapé – Réseau Afrodescendant, an d’Isabel Spigarelli vun der woxx. An dësem Gespréich hëlt de Helder verschidden Aspekter vun der Museksausbildung auserneen: Wat huet hie géint dat Wuert Weltmusek? Wisou ass et wichteg, datt an engem Conservatoire net nëmme Musek aus Europa oder Instrumenter vermëttelt ginn, déi aus westleche Länner stamen? A wéi gesäit eng Museksausbildung aus, déi mat koloniale Muster a Klassismus brécht? Um Ënn erwaart Iech dann nach eng musikalesch Surprise, fir déi et sech méi wéi lount, drun ze bléiwen!

Beim Museksstéck handelt et sech ëm eng Improvisatioun : „Création Spontanées 1.1.“, mat den Sänger*innen Cassandra Lobo, Maya Likembe, Njamy Sitson, Oke a Taty Horta.

Déi nächst Konferenz vu Klang Keller fënnt den 9. Oktober, um 17 Auer, statt: „Le Cap Vert, Berceau de la Créolisation“, mam Mario Lucio Sousa, Museker an fréieren Kulturminister vum Cap Vert.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android.

Dat kéint Iech och interesséieren

ËMWELTPODCAST

Am Bistro mat der woxx #365 – Bodenschutz: Op wackelegem Buedem

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gesond Biedem si fundamental fir d’Biodiversitéit, d’Liewensmëttelsécherheet an de Klimaschutz – a stinn dach laang am Schiet vun aneren Ëmweltthemen. Mat enger neier EU-Direktiv soll sech dat änneren: Zanter dem 16....

ËMWELTPODCAST

Am Bistro mat der woxx #363 – Antirassismus: E Plang ouni Bëss?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. D’Regierung huet de laang erwaarten nationalen Aktiounsplang géint Rassismus virgestallt – e Plang, deen no bal 50 Joer ICERD-Ratifikatioun endlech konkret Politik versprach huet. Mä d’Reaktioune sinn duerchwuess: ze...

ËMWELTPODCAST

Am Bistro mat der woxx #362 – D’COP30 ass eriwwer – eis Bilanz

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Bei der 30. Klimakonferenz am brasilianesche Belém gouf vill erwaart – an d’Enttäuschung war um Enn entspriechend grouss. Chaotesch Verhandlungen, eng ëmmer méi dominant Fossillobby an en Ofschlusstext, deen sech op...