Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #33 Mental Gesondheet an Danz

von | 24.10.2023

Et ass rem Zäit fir op de Canapé mat der woxx: Dëse Mount sinn d’Sandra Beck an d’Sissy Mondloch vum Danzkollektiv Lucoda op Besuch fir iwwert mental Gesondheet am Danz souwéi hire Projet „Ongoing“ ze schwätzen.

COPYRIGHT: WOXX/Isabel Spigarelli

En Danzprojet zu mentaler Gesondheet: eng Erausfuerderung oder eng Beräicherung? Fir d’Sandra Beck an d’Sissy Mondloch vum Danzkollektiv Lucoda ass et béides. Ënn 2021 huet d’Sandra Beck, Danzvermëttlerin an haaptberufflech Sozialaarbechterin, de Projet „Ongoing“ am Kader vun der Semaine de la santé mentale an d’Liewe geruff. D’Choreographin Sissy Mondloch huet dem Sandra seng Iddi, zesumme mat aneren Dänzer*innen, an e Spektakel ëmgesat. Zesummen hunn si doriwwer raus och Ronndëschgespréicher zum Thema mental Gesondheet organiséiert. Mä wat bedeit et, mental Gesondheet op d’Bün ze bréngen? Wat mécht et mat den Dänzer*innen a mam Publique? An wat fir e Stellewäert huet déi mental Gesondheet an der Kulturzeen, an der fräischaffend Kënschtler*innen oft prekär Liewensverhältnisser hunn? Lauschtert eran a gitt méi gewuer!

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...

GESONDHEET

Santé : Le jusqu’au-boutisme de l’AMMD

L’AMMD ne signera pas de nouvelle convention avec la CNS. Elle exige une meilleure rémunération des médecins et un changement en profondeur du système de santé luxembourgeois, dans le sens d’une libéralisation accrue de l’exercice de la médecine.