Podcast: Am Bistro mat der woxx #017

von | 28.09.2018

Wéi all Woch bitt d’woxx iech och haut een Abléck an déi aktuell Nummer. Nieft engem Iwwerbléck iwwert déi wichtegst Theme vum Heft, dem Edito iwwert Fro, ob ee mat Green Finance d’Klima ka retten oder léiwer eng méi systemesch Perspektiv sollt anhuelen, dem Mount vun den Aweiungen, wärend dem d’Regierungsmembre bal all Dag eppes ageweit oder presentéiert hunn, ass d’Thema vun der Woch d’Inclusioun an der Schoul.

D’Tessie Jakobs an de Joël Adami schwätzen doriwwer, wisou d’Thema vu Kanner mat spezielle Besoinen an der Schoul wichteg ass, wat d’Kritikpunkten un de néie Kompetenzzentre sinn a wat fir Réckschlëss dëse System dorobber zouléisst, wéi allgemeng mat behënnerte Leit zu Lëtzebuerg ëmgaange gëtt.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...