All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Haut stinn zwee Themen am Mëttelpunkt vun eisem Podcast, amplaz vun engem grousse Plat kritt dir zwee Snacken. Engersäits steet denrt den Transition-Movement um Menü an anersäits werfe mir ee Bléck op d’Rechter vun der LGBTIQA-Communautéit an der EU. Ulass ass een Interview mam Rob Hopkins, deen als Grënner vun der Transitiounsbeweegung gëllt. D’woxx huet mat him iwwer Covid-19 an den Normalzoustand geschwat, awer och iwwert d’Fro, op et méiglech ass, sech eng Welt ouni Kapitalismus virzestellen. De Joël Adami schwätzt iwwert seng Andréck a Gedanken dozou.
D’Isabel Spigarelli huet sech eng Debatt am EU-Parlament ugekuckt, wou et ëm d’Rechter vu LGBTIQA-Mënschen a Polen gaangen ass. An der läscht gouf et do jo vill schrecklech Nouvellen, ënnert anerem déi vill Gemengen, déi sech als LGBT-fräi-Zonen deklaréiert hunn. Mir diskutéieren doriwwer, wouriwwer geschwat ginn ass an wat dann elo op dem Niveau wäert passéieren.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #181 – D’Situatioun vu LGBTIQ-Persounen an Europa
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #118 – Ëmmer nach vill Onkloerheete ronderëm „Luxembourg in Transition“
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #115 – Wouhinner mat all dem Plastik?
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #114 – Sexistesch Dresscoden an Lëtzebuerger Schoulen
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #113 – Liewensmëttelverschwendung zu Lëtzebuerg