Podcast: Am Bistro mat der woxx #146 – De Klimapakt 2.0

von | 14.06.2021

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Zanter leschtem Mëttwoch ass de Klimapakt 2.0 an der Chamber gestëmmt. Elo kënnen d‘Gemengen also erëm een Kontrakt mam Staat ënnerschreiwen an Fërderungen kréien, wann si sech fir de Klimaschutz engagéieren. Allerdéngs stellen sech eng ganz Rëtsch froen – och, wisou dat Gesetz net éischter konnt gestëmmt ginn, well am Fong ass den éischten Klimapakt den 31. Dezember 2020 ausgelaf. Am Podcast erkläert de Joël Adami dem Luc Caregari, wat et domadder op sech huet.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #368 – Umgehungsstrooss Niederkerschen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Zanter Jorzéngten gëtt zu Niederkerschen iwwer eng Umgehungsstrooss diskutéiert. Elo hält d’Regierung trotz staarker Kritik un de Pläng fest: D’Bauaarbechte sollen ufänken, nach éier e Geriicht iwwer eng ageleet Klo...