All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
An der Welt vun de Schoulbicher dominéiere wäiss Männer. Esou weist et eng Etude vun der Uni Lëtzebuerg. Wa wéineg Fraen, net-wäiss Mënschen oder Leit mat Behënnerung virkommen, ass dat een Problem. Fir déi, déi net virkommen an fir déi, déi domadder Stereotyppe léieren. Am Podcast schwätzt de Joël Adami mam Isabel Spigarelli doriwwer, wat genee an der Etude ze liesen ass. Thema ass och, wéi et mat der Fuerderung, méi een diverse Literaturkanon am Secondaire ze hunn, weidergaangen ass.
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #050 – Diskriminéierung a politesch Korrektheet
- Am Bistro mat der woxx #306 – Das Patriarchat in Flammen?
- Am Bistro mat der woxx #303 – Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique?
- Am Bistro mat der woxx #254 – Wat kënnen sech schwul Bauere vun de Parteien erwaarden?
- Am Bistro mat der woxx #253 – D’Walprogrammer ënnert der feministescher Lupp