De Fernand Kartheiser huet probéiert, am Europaparlament eng Ried op Lëtzebuergesch ze halen. No deem Stunt sollt awer trotzdeem kee*nt mengen, der ADR léich d’Lëtzebuerger Sprooch um Häerz.

Den 21. Oktober ass dem Fernand Kartheiser säi Versuch, eng Ried op Lëtzebuergesch am EU-Parlament ze halen, wéi geplangt gescheitert. (Foto: European Parliament)
Den 22. Oktober huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser probéiert, Lëtzebuergesch am EU-Parlament ze schwätzen. Net, well eng vun eisen dräi Sproochen um Ordre du jour gestanen hätt, mä well hien eng vun den „Eng-Minutt-Rieden“ hale wollt, déi et eng Kéier wärend enger hallwer Stonn pro Sessioun vum EU-Parlament gëtt. Hien ass dobäi – wéi geplangt – ënnerbrach ginn, well et net méiglech war, seng Ried ze dolmetschen. Den Deputéierten huet dunn op Englesch gemengt, et wier d’Recht vum Lëtzebuerger Vollek, datt hie Lëtzebuergesch dierft schwätzen. Ausserdeem huet hien eng dach éischter kreativ Theorie iwwer dem Konrad Adenauer seng angeblech Lëtzebuergeschkenntnisser verbreet.
Déi kuerz Ausféierunge vun eisem Deputéierte vu ganz riets weisen, wourëms et der ADR geet: Net ëm d’Sprooch, mä ëm dat, wat si Vollek nennen. Dee Réckgrëff op „d’Vollek“ ass eng rhetoresch Strategie, wéi se typesch fir de Rietspopulismus ass. Et gëtt eng angeblech vëlkesch Gemeinschaft konstruéiert, déi da vun Aflëss vu bausse verdeedegt gi muss. Hei ginn d’Lëtzebuerger*innen als ënnerdréckt Vollek duergestallt, dat vun der béiser EU versot kritt, seng eege Sprooch ze schwätzen. Natierlech geet et a Wierklechkeet net ëm dat ganzt Vollek, mä ëm sechs Deputéiert, déi sech an der Reegel an dräi Amtssprooche vun der EU ausdrécke kënnen. Natierlech kann een d’Reegele vum Parlament a Fro stellen.
Sprooch ass fir d’ADR kee Mëttel zur Kommunikatioun, mä een Deel vun der vëlkescher Identitéit.
D’Iddi vum Fernand Kartheiser awer, op ee System ze wiesselen, wou d’Ried am Viraus geschriwwen an iwwersat muss sinn, ass dach éischter absurd. Spéitstens an deem Moment, wou eng Tëschefro gestallt géif ginn, misst vu Lëtzebuergesch op eng Amtssprooch vun der EU gewiesselt ginn. Dat weist, datt et bei der Aktioun vum ADR-Politiker weder ëm ee richtege Problem, nach ëm tatsächlech Léisunge gaangen ass. Säi Mini-Opstand am Parlament war just Show, fir déi vëlkesch Botschaft vun der ADR no vir ze bréngen. Sprooch ass doranner kee Mëttel zur Kommunikatioun, mä een integrale Bestanddeel vun der vëlkescher Identitéit.
Datt déi lëtzebuergesch Sprooch der ADR komplett egal ass, mierkt een dorunner, wéi hir Membere mat hir ëmginn, wann se se grad net dofir benotzen, anerer auszegrenzen. Als éischt Beispill fält engem natierlech d’Buch vu Fred Keup an Tom Weidig an, wou si Lëtzebuerg net opgi wollten an hire Rettungsversuch op Däitsch geschriwwen hunn. Besonneschen Interêt fir Literatur, Filmer oder Theaterstécker op Lëtzebuergesch schéngt et an der ADR net ze ginn. Woubäi ee muss fair sinn: Beim Stéck mam Numm „Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss“ war de Fernand Kartheiser scho waakreg ginn, deem hätt hien nämlech am léifsten déi staatlech Subventiounen oferkannt. Och déi gutt Aarbecht vum Zentrum fir d’Lëtzebuerger Sprooch, déi d’Lëtzebuergescht weiderbréngt, gëtt vun der ADR ni unerkannt.
Op de soziale Medie sinn d’Wuertmeldunge vun ADR-Politiker*innen dacks sou wäit fort vun all Grammaire- an Orthografie- reegel, datt een dacks rode muss, wat wierklech gemengt war. Wien et eescht géif menge mat där éiweger Leier, Lëtzebuergesch wier déi wichtegst Integratiounssprooch hei am Land, dee sollt sech gefällegst och Méi ginn, se richteg ze schreiwen. Fir eng Sprooch gutt ze léieren, brauch et vill Kontakt mat hir, a wann een*t dann déi ganzen Zäit falsch geschriwwe Beispiller gesäit, hëlleft dat net. Dat ass alles keen Zoufall, well d’Politik vun der ADR lieft vun där falscher Angscht ëm d’Sprooch. An déi ka just bestoen, wann si esou maachen, wéi wa just hiren Deputéierte mat enger Eng-Minutt-Ried am EU-Parlament eppes fir d’Lëtzebuergescht géif maachen. Si kéinten net méi wäit vun der Realitéit ewech sinn.