All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. Dës Woch ginn d’Tessie Jakobs an de Joël Adami een Iwwerbléck iwwert de Contenu vun der woxx, zum Beispill den Edito iwwert déi rietspopulistesch ADR, een Iwwerbléck iwwert dat néi Déiereschutzgesetz an d’Diskussioun dozou an der Chamber oder awer och een Artikel, deen d’kolonial Amnesie vun der lëtzebuerger Geschichtsschreiwung behandelt.
D’Thema vun der Woch ass d’Insektenstierwen, dat am Kader vum Welt-Ëmweltdag elo och zu Lëtzebuerg thematiséiert gouf. Mir schwätzen ënnert anerem dorëms, wat Zen-Gäert mat doudege Béien ze dinn hunn a wat fir Mesuren ergraff ginn, fir d’Insekte besser ze schützen. mehr lesen / lire plus