webexclusive
WOXX@HOME

E Sonndeg, 7. November: RTL-Presseclub mat der woxx

Wäert d’Plagiatsaffär vum Xavier Bettel politesch Konsequenzen fir hien hunn oder wäert et der DP geléngen d’Affär bis d’Wahlen 2023 ze begruewen? Wéi schléit sech dee Kredibilitéitsverloscht op d’Covid-Krisegestioun néier? An op d’Debatt ëm d’Verfassungsreform ? Dat sinn d'Themen am Presseclub vun RTL de Sonndeg 7. November. Invitéiert sinn...

KLIMAPODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #165 – Héich Erwaardungen, mä wéineg Hoffnung virun der Weltklimakonferenz COP26

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Den 31. Oktober fänkt zu Glasgow d'Weltklimakonferenz un. D'Viraussetzunge sinn net immens gutt: D'Versprieche vun deene meeschte Länner ginn am Moment net duer, fir d'Äerderwiermung ënnert 1,5 Grad Celsius ze halen....

PODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #164 – Diversitéit a Lëtzebuerger Schoulbicher

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. An der Welt vun de Schoulbicher dominéiere wäiss Männer. Esou weist et eng Etude vun der Uni Lëtzebuerg. Wa wéineg Fraen, net-wäiss Mënschen oder Leit mat Behënnerung virkommen, ass dat een Problem. Fir déi, déi net...

PODCAST

Podcast: Am Bistro mat der woxx #163 – Klima, Wunnengsbau, Kantinnen an Demokratie – D’Ried zur Lag vun der Natioun analyséiert

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Den 13. Oktober huet de Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun an der Chamber gehalen. Déi grouss Theme waren de Kampf géint d'Klimakris, de Logement, mä et gouf och e puer interessant sozialpolitesch Annoncen. An...