Podcast: Am Bistro mat der woxx #165 – Héich Erwaardungen, mä wéineg Hoffnung virun der Weltklimakonferenz COP26

von | 29.10.2021

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den 31. Oktober fänkt zu Glasgow d’Weltklimakonferenz un. D’Viraussetzunge sinn net immens gutt: D’Versprieche vun deene meeschte Länner ginn am Moment net duer, fir d’Äerderwiermung ënnert 1,5 Grad Celsius ze halen. Am Virfeld diskutéieren de Raymond Klein an de Joël Adami, wat déi grouss Theme sinn, déi op der COP26 wäerte beschwat ginn. Engersäits sinn dat d’Hëllefe fir aarm Länner, anerersäits den Emissiounshandel. D’woxx-Journaliste schwätzen awer och doriwwer, wisou de Methan-Budgeting een Hoffnungsschimmer kéint sinn a wisou d’Emissiounen elo séier mussen erof goen.

Berichtegung: Anescht wi am Podcast envisagéiert, soll de Claude Turmes net un der COP26 deelhuelen.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #394 – D’Enn vu Filmland

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. An enger Woch maachen d'Filmstudioen „Filmland“ zu Keelen hir Dieren endgülteg zou. Domadder geet no dräizéng Joer eng Ära op een Enn, déi fir déi audiovisuell Produktioun zu Lëtzebuerg ganz wichteg war. D'Yolène Le Bras war fir eng Reportage an de Studioen...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #393 – Kuddelmuddel ronderëm de Projet Alpha

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Eng Etüd iwwert de Pilotprojet Alpha vun der franséischer Alphabetiséierung an der Grondschoul huet fir vill Debatte gesuergt. Virum allem well de Bildungsministère mat der Publicatioun vun der Etude ee puer méint gewaart huet. D'Resultater vun der Studien...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #392 – Wat bedeit d’Urteel géint d’Marine Le Pen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Dës Woch war den Dag vun der Entscheedung a Frankräich: De Cour d'Appell zu Paräis huet d'Strof fir d'Marine Le Pen zwar konfirméiert, mä an engem wichtegen Detail ofgeännert. Am Podcast diskutéiere mir, wat der rietsextremer Politikerin Marine Le Pen...