Kriminalroman: Opraumen duerch Fiktioun
Dem Jean Schoos säi Kriminalroman: „Den drëtte Schlëssel“ gëtt um Lëtzebuerger Bichermaart chronesch ënnerbewäert – e politeschen Thriller deen net zéckt och onbequem Wourechten unzepaken. D’woxx huet den Auteur begéint.
De Jean Schoos schwätzt … vill. Ma hien ass awer kee vun deenen, déi probéieren hire Géigeniwwer a Gebraddels z’ersaufen, et lauschtert een him éischter gär no. Och wann e mol vum Thema ofkënnt. Dofir fänkt eist Gespréich och net mam Buch un, mee mat sengem Numm. Säi Problem ass nämlech, datt en Homonym ass mam Generalsekretär vun der ADR. A mat där Partei huet „eise“ Jean Schoos nu wierklech näischt um Hutt: „Et ginn zwou Branchen vun Schoosen zu Lëtzebuerg, déi vu Bäerdref an déi aus dem Pafendall. mehr lesen / lire plus