Léiw Frëndin,: Von Freundin zu Freundin

Im Rahmen der Debatte um die Aussagen von Frauen Biermann schickte uns eine Leserin diesen Brief als „fiktive“ Freundin von Frau Biermann zu.

Déi polemësch Diskussioun déi de Moment gefouert gët iwwert d’Fraen mécht méch traureg. Kanns du verstoen wéisou berufstäteg Fraen den Hausfraen virgeheien lidderësch ze sin oder d’Hausfraen vun dene Mammen déi schaffe gin behaapten si wäeren Rabenmütter? Mir zwee hun eis ëmmer gut verstan och wa mir eist Liewen op verschidde Manéieren ageriicht hun. Keen vun eis huet dem aneren séng Aarbecht als mannerwäerteg ugesin.

Mir waren deemols allenzwee an der priviligéierter Situatioun, datt mir de Choix haten fir eng Karrière oder e Liewen nëmmen fir d’Famil. Fir déch war wichteg finanziel op den eegene Féiss ze stoen an ech hu méch décidéiert doheem ze bleiwen fir méng Kanner. Dat huet awer eiser Frëndschaft net geschuet. Mir hun eis Aarbechten géijesäiteg respektéiert.
Heiansdo hun ech geduecht, dass du dir et mat déngem Choix net einfach gemaach hues.

Déi duebel Belaaschtung war daks haart fir déch, an ech hun déch bewonnert, wéis du et fäerdeg bruecht hues, niirwend dem Beruf an der Hausaarbecht, déi owes op déch gewaart huet, nach ëmmer esou vill Zäit has fir no dénge Kanner ze kuken. Mir kënnen allenzwee haut ganz houfrech sin, op dat wat mir a Punkto Kannererzéiung geleescht hun.

Du hues och Recht wanns du sees, datt en als Frau soll oppassen fir séch net vun engem Mann oofhängeg ze maachen. Ech stelle mir daks d’Fro wat wäer wann ech elo géif gescheed gin. (Ëmmerhin gi 50% vun de Mariagen hautzudags gescheed.)
An dann? No al denen Joeren mat méngem Mann hätt ech keng Liewensbasis. Alles wat ech an dene leschte Joere geschafft hun huet net mol de Wäert, datt ech do eng Pensioun zegut hun. Ech hun ni esou wäit geduecht fir weider an eng Pensiounskeess ze kotiséieren, opscho mir eis dat och hätte kënne leeschten. Mat denen 3000 Flux/Kand vum Stat lafen ech net wäit. Iwregens fannen ech et net richteg, dass du, fir déi selwecht Aarbecht, déi Suen net solls kréien.

Am Sënn vu méi Rechter fir d’Frau mussen nei Gesetzer geschaf gin. Et kann net sin, datt et Leit gët déi net pensiounsversëchert sin, an dat am räiche Lëtzëbuerg. Dat huet mat Sécherheet näischt domadder ze din, datt et liddereg oder egoïstësch Frae get. Jiddfereen leescht op séng Manéier e wichtege Beitrag fir d’Gesellschaft.

Ech wëll méch net bekloen, awer elo wou d’Kanner grouss sin, denken ech heiansdo, datt et awer gut wäer eng Aarbecht ze hun. De soziale Kontakt mat AarbechtkollegInnen feelt mir haut, wou ech rëm méi Zäit hun. T’wäer och flott iwwer eege Gelder kënnen ze verfügen ouni iirgendengem Recheschafft mussen ofzeléen. Awer dat schlëmst as, datt ech vun Zäit zu Zäit ganz komësch Gefiller hun, well ech vu méngem Mann ofhängesch sin. Wann hien séch décidéiert méch an d’Kanner ze verloossen, dann hun ech e sérieusen Problem.

Ménge Meedercher hun ech mat op de Wee gin, datt si hiirt Liewen solle selwer an de Grapp huelen, an séch net sollen an eng Oofhängegkeet gin, wéi ech. Da kënnen si och ëmmer hiirt Liewen selwer bestëmmen. Ech hat bis elo och nach ëmmer d’Hoffnung, datt d’Situatioun fir d’Gläichberechtegung vun der Frau séch mat de Generatiounen géif verbesseren.

Wann ech awer haut déi Leserbréiwer zu den Thema liesen stellen ech mir d’Fro firwat d’Fraebewegungen all déi Joeren séch agesat hun, fir eng Gläichberechtegung vu Fra a Mann ze erreechen.

An der ganzer Diskussioun wou de Feministinen virgeworf get, datt si eng (Zwangaarbecht) fir d’Fraen all probagéieren, gi verschidden Aspekter einfach vergiess.

Beim Viirworf, datt de Stat vill Souen a Crèchen muss investéieren, gët einfach vergiess, datt déi berufstäteg Mammen mat hire Steien a Kotisatiounen zum Deel déi Käschten matdroen, an du hues mat dénger Pei och nach ëmmer missen de reelle Betrag fir d’Crèche bezuelen. Du hues déch ni beklot, mee du wars frou iwwerhaapt eng vun dene rar geséinte Plazen an der Crèche ze kréien.

Wann elo Hausfraen no enger eegener Rent froen, kéint ech gut verstoen wanns du géings dorobber hiweisen, dass du jo awer däi Liewe laang dofir geschafft hues an mat dénger Kotisatioun an d’Pensiounskeess och den Droit dérivé vun den Hausfraen matfinanzéiert. Mee dat méchs du net.

Mir mussen eis bewosst gin, datt mir nëmmen zesummen Eppes kënnen änneren fir déi allgemeng Stellung vun der Fra an der Gesellschaft.

Wa mir als Hausfraen géint beruftäteg Fraen gin, an ëmgekéiert, kënne mir a Fraenfroen net weiderkommen. Mir musse léieren solidarësch ze sin, fir méi Rechter fir d’Fraen alleguerten. Mir brauchen eng sozial Ofsëcherung fir d’Hausfraen, an och eng Chancegäichheet am Beruf fir all déi Fraen déi et nach ëmmer schwéier hun séch am Berufsliewen ze behaapten.

Mir bleiwt bei dem ganze Gestreits e ganze Koup Frust!

Firwat as et net méiglech, datt d’Fraen all séch zesummendin? Wou kommen déi Jalousien hir? Wien profitéiert dann elo vun der Oneenegkeet zwëschen de Fraen? Kënnt dat de Männer net grad zu Paas, wa mir Fraen ënnerteneen streiden? Firwat as et nach ëmmer exclusiv d’Responsabilitéit vun de Mammen wann drëm geet e Choix ze treffen fir Famil oder Beruf? Männer kënnen nach ëmmer alles hun: Famil, Beruf a sozialen oder politëschen Engagement. Wéisou sin esou wéineg Fraen an der Politik? Et sin nach ëmmer haaptsächlech Männer déi iwwert Fraen- a Familjepolitik décidéieren. Wat muss nach alles geschéien, bis mir zesummen eis wieren a fir eis Rechter streiden an dëser Männergesellschaft?

Ech hun dat Gefill, datt déi Differenzen zwëschen eis Fraen de Männer ganz gut an de Krom passt. Mat dem Geschéck ka séch näischt änneren an d’as och net fir näischt, datt séch d’Männer allgemeng aus der Diskussioun raushalen, nom Motto: wenn zwei sich streiten, lacht der Dritte

Esou kann et op alle Fall net weider goen. Mir als Fraen a Mammen maachen eis géigesäiteg e schlecht Gewëssen, a schlussendlech verhënnere mir, mat eiser subjektiver Aproche, wou jiddfereen nëmmen séch gesäit, de Wee ze fannen zu enger Gesellschaft wou Fra a Mann, an enger Partnerschaft zesummen d’Responsabilitéit droen fir d’Famil a wou jiddfereen déi selwecht Chancen huet säi Liewen ze gestalten.

Et gët also nach vill ze din.

Déng Frëndin

Dëst as e fiktive Bréif verfaast vum
Marthy Thull


Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.