Lieser*innenbréif: Mobilité douce zu Lëtzebuerg, mam Vëlo a mam Zuch duerch d’Land

von | 28.06.2021

Op verschiddene Garë sinn nei Lifter installéiert ginn, déi fir ee Vëlo awer ze kleng sinn. D’woxx verëffentlecht dem Marie-Lise Margue hire Lieserinnenbréif zu dësem Thema.

Och um neie Pôle d’échange um Houwald ass de Lift ze kleng fir de Vëlo. (Foto: CC-BY-SA GilPe)

Di lescht Joren ass zu Lëtzebuerg vill ënnerholl gi fir d’Mobilité douce als Transportméiglechkeet am Alldag, am Fräizäit- an Tourismusberäich ze fërderen. Um Internetsite vun de CFL fënnt ee fir all Gare e Plang an eng Lëscht vun de Vëlosweeër an der Géigend, esou datt ee säin Ausfluch gutt plange kann.

Ongedëlleg hunn ech drop gewaart, datt zu Klengbetten um Quai endlech deen neie Lift a Betrib geholl gëtt, fir datt ech mäi schwéieren E-bike net méi mat friemer Hëllef d’Trapen an d’Unterführung erof an duerno grad esou vill Trapen erëm erop bei d’Strooss schleefe muss. Virun 2 Woche wollt ech de Lift probéieren, mee ech hu musse feststellen, datt zwar e Rollstull, eng Kannerkutsch oder e Kannervëlo an de Lift passen, mee mäi Vëlo net. De Lift steet fräi um Quai, ass néierens ugebaut, et wier also genuch Plaz gewiescht fir en 20 oder 30 cm méi laang ze bauen (di Gréisst wéi z.B. d’Liften op der Stater Gare).

Um neie Pôle d’échange um Houwald besteet dee selwechte Probleem. Och do hunn d’CFL e Lift vu knapps 150 cm Längt op en fonkelneie Quai gebaut.

Op eelere Garë wéi z.B. zu Waasserbëlleg ass et méi schwéier d’Infrastrukturen unzepassen, mee et wier flott, wann eng Méiglechkeet géing bestoen och vum mëttelste Quai aus mam Rollstull, mat der Poussette oder mam Vëlo ouni géi Trape bis an d’Unterführung ze kommen. De Chef de Gare huet deslescht proposéiert, mir ze hëllefen, de Vëlo iwwert d’Gleiser op di aner Säit ze bréngen. Ech weess awer net ob dat allgemeng esou gehandhaabt gëtt, oder ob et e perséinlecht Entgéintkomme vun engem eenzele CFL-Mataarbechter ass.

Et wier jiddefalls wënschenswäert, wann di Responsabel am Transportministère a bei den CFL hir Projeten an Zukunft esou géinge plangen, datt se an der Praxis och funktionéieren.

Dëst war ee Lieserinnenbréif vum Marie-Lise Margue, deen d’woxx integral verëffentlecht. Mir hu keng inhaltlech Ännerunge virgeholl, mä op verschiddene Plazen d’Orthografie ugepasst.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #393 – Kuddelmuddel ronderëm de Projet Alpha

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Eng Etüd iwwert de Pilotprojet Alpha vun der franséischer Alphabetiséierung an der Grondschoul huet fir vill Debatte gesuergt. Virum allem well de Bildungsministère mat der Publicatioun vun der Etude ee puer méint gewaart huet. D'Resultater vun der Studien...

THEMATRANSPORT

Transports publics : Le TICE sur une route sinueuse

Les problèmes de personnel au TICE sont un serpent de mer. Un piquet de protestation organisé en septembre 2025 devait ouvrir un débat sur les conditions de travail au sein du réseau de bus du sud du pays. Mais la direction joue la montre, alors que le TICE changera de statut en 2027. L’État fera alors son entrée dans la structure, mais pour l’instant il ne dévoile rien de ses intentions, ajoutant au flou ambiant.

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #392 – Wat bedeit d’Urteel géint d’Marine Le Pen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Dës Woch war den Dag vun der Entscheedung a Frankräich: De Cour d'Appell zu Paräis huet d'Strof fir d'Marine Le Pen zwar konfirméiert, mä an engem wichtegen Detail ofgeännert. Am Podcast diskutéiere mir, wat der rietsextremer Politikerin Marine Le Pen...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #391 – Ass Lëtzebuerg wierklech esou gutt bei der internationaler Klimafinanzéierung?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Am Kader vun der internationaler Klimafinanzéierung gi räich Länner Sue vun d'Länner aus dem Globale Süden, fir datt déi d'Klimakris mitigéiere kënnen. An awer och, fir datt si sech un d'Auswierkunge vun der globaler Erwiermung upasse kënnen. Lëtzebuerg steet...