ZÄITSCHRËFTEN: Ons Stad, déi Honnertst

Zënter drësseg Joer bitt d’Zäitschrëft „Ons Stad“ an Text a Bild hir Vue op d’Stad Lëtzebuerg vun haut a vu gëscht. Si mécht dat mat Eleganz an a konstanter Qualitéit. E Portrait zur 100. Ausgab.

Schon laang hier: De Wëllem trount op der Betoneuse. Aus der éischter Ausgab vun „Ons Stad“ aus dem Joer 1979.

Bal gesäit et aus, wéi wann de Wëllem géif op der Betonneuse trounen. Déi éischt Nummer vun „Ons Stad“, erauskomm am Juni 1979, huet sech mam Parking Knuedler befaasst, deen deemools sou gutt wéi fäerdeg wor. An den Editorial gëtt begleet vun dëser schéiner Foto vum Monument, dat dunn iwwert dem Chantier getrount huet, sou wéi et haut nees iwwert der zoubetonéierter Maartplaz trount. De Wëllem um Päerd gréisst déi virtuell Massen mat sengem Hutt, komme was wolle.

E bëssen sou ofgehuewe presentéiert sech och d`“Ons Stad“. Si werft e geloossene Bléck op all dat, wat an der Stad geschitt. „Unaufgeregt“, géife verschiddener soen, an hei géif et vläicht tatsächlech passen. An dach heescht et am Editorial vun der Nummer 1, d’Missioun vun der Zäitschrëft wier: „à faire se rapprocher les citoyens que vous êtes et l’administration communale“. Dat eent mécht dat anert net falsch, well besonnesch déi éischt Joren ass et an der „Ons Stad“ vill drëm gaang, niewt der Virstellung vu grousse Projeten de Leit konkret Informatiounen zoukommen ze loossen iwwer déi administrativ Weeër an der Stad Lëtzebuerg. Zënter datt et op den elektroneschen Autobunne rullt, ass déi Missioun manner wichteg ginn, dorop huet och d’Colette Flesch, déi fréier Kulturschäffin, déi d`“Ons Stad“ laang Joren ënnert hire Fittichen hat, virleschten Donneschdeg bei der Feier zu der 100. Nummer higewisen. Trotzdem, an am Ënnerscheed zu deenen anere Bliedercher aus dem selwechten Haus, déi kommen a ginn, schéngt d`“Ons Stad“ iwwer d’Joerzéngten ewech hir Legitimitéit ze behalen.

Am Edito an der éischter Ausgab heescht et zum Numm vun der Zäitschrëft: „Ce sont mes pères spirituels qui, eux, préfèrent garder l’anonymat, qui m’ont baptisé ainsi.“ Mee all Mënsch wousst, datt den Henri Beck, deemolege Generalsekretär vun der Stad, dohannert stouch. „Il en avait l’amour,“ sot d`Fanny Beck, seng Wittfra, bei der Receptioun am Cercle. Hien hätt och, sou sot si, kee preziist Virbild gehat, un deem sech d'“Ons Stad“ orientéiert hätt. „Et wor ?ein buntes Allerlei` vu Sozialem, Politeschem an Administrativem.“

Geloossene Bléck

Tatsächlech gëtt et an den éischten Ausgaben e bësse vun allem: nei Bauteprojeten, Aweiungen, Noriff oder den „Abonnement G“ am Neien Theater. Deen Allerlei strukturéiert sech awer mat der Zäit. Verschidde Rubrike schielen sech eraus, wéi d’Virstellung vun neie Bicher aus der Stadbibliothéik, Entscheedungen aus dem Gemengerot oder Personalia aus der Verwaltung. Konzeptuell wiesselt d'“Ons Stad“ hin an hier tëscht enger méi geographescher Approche – mat Presentatioune vun de Stater Quartieren – a méi enger thematescher Virgoensweis – mat Schwéierpunkten, déi vun de Stater Bussen iwwer d’Mülltrennung bis bei den Zweete Weltkrich oder d’Frae reechen.

Als Coordinateur fungéiert am Ufank de Fred Junck, Chef vun der Zinemathéik, dee sech awer fréi nees zréckzitt, fir dem René Clesse, deen sech schonn als Artikelschreiwer profiléiert hat, d’Zepter z’iwwerloossen. En Déifferdanger also, kee Stater, wéi hie selwer a senger eloquenter Usprooch am Cercle ënnerstrach huet. Mee vläicht dréit d`Distanz vun deem Minettsdapp zu der Gemittsrou vun der Zäitschrëft bäi. Dee bis elo längste Mataarbechter wor awer wuel den Dieter Wagner: De Graphiker, deen d`lescht Joer gestuerwen ass, huet der Zäitschrëft mat engem klore, sachleche Layout an enger eleganter Typo säi Stempel opgedréckt.

Am Ufank huet den Toun vun der „Ons Stad“ eppes Behäbeges, Konservatives. Dat ass och kee Wonner, wann ee weess, datt entre autres Perséinlechkeete wéi den Evy Friedrich oder de Lex Roth schreiwen. D’Autorinnen an Autore sinn iwwregens am Ufank ganz modeste a bleiwen anonym (Et kann een hir Nimm awer haut op der Internet-Säit vun „Ons Stad“ gewuer ginn). Dat ännert sech vun 1981 un. Zënter datt de Clessë Ren d’Zäitschrëft koordinéiert, ass de Choix vun de Leit déi schreiwen, och méi breet gefächert ginn: Niewt Valeurs sûres wéi Georgette Bisdorff, Josy Braun, Ben Fayot, Mario Hirsch oder Blanche Weicherding-Goergen fanne sech an deem Pool Jonker an Aler vun alle Bordën, an d’Lëscht um Internet liest sech wéi en Who’s Who vun der Lëtzebuerger Press, Politik a Kultur aus de leschten drësseg Joer.

Nostalgie an Optimismus

Wann d’Lydie Polfer bei der Receptioun d’virlescht Woch houfreg drop wor, datt de Schäfferot ni an den Inhalt vun „Ons Stad“ agegraff hätt, da gëtt een awer d’Gefill net lass, datt déi meescht Autoren an Autorinnen, wa se dann iwwerhaapt eppes méi Kritesches ze zielen hätten, sech scho ganz vum selwen méi e braven Toun operleeën – ob dat elo de Satiriker Jacques Drescher ass, deem seng Famill „Zimmer-Kummer“ d`“Ons Stad“ laang begleet huet, an deen sech ewell op Gedichter spezialiséiert huet, oder woxx-Leit wéi de Luc Caregari oder d’Christiane Walerich. Während regelméisseg Artikelen iwwer déi gutt al Zäit erschénge sinn, wou et nach Kinoen an der Stad gouf, wou de Stadzentrum mat sengen Traditiounsbutteker nach d’Leit gelackelt huet, oder wou den Tram nach gefuer ass, sou gouf d’Polemik iwwert déi zum Deel desastréis kommunal Bauten- a Stadentwécklungspolitik (Stéchwuert Vago-Plang, autosfrëndlech Stad oder Wunnengsmanktem) an aneren, méi politesche Blieder gefouert. Eng liicht, heiansdo subversiv Ironie kënnt dogéint oft, wéi uewe beschriwwen, an de schéine Fotoen zum Ausdrock, déi meeschtens vun der Agence Imedia oder vum Fotograf Guy Hoffmann kommen.

Eng Konstant vun der Zäitschrëft ass d’Rubrik „Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?“, déi zënter der Nummer 1 bis haut erschéngt. Dem Alphabet no ginn do d’Stater Stroossen duerchdeklinéiert. Bis 1989 wor et den Evy Friedrich, deen déi Sysiphus-Aarbecht erleedegt huet, déi awer du vum Henri Beck iwwerholl gouf. Oder, wéi d’Madame Beck preziséiert, „ech hu se geschriwwen, an hien huet säin Numm drënner gesat.“ Bis si dunn vun 2004 un, no hirem Mann sengem Doud, d’Rubrik ganz iwwerholl huet. Wou geet een dann all déi Informatioune sichen, déi do zesummegedroe ginn? Abee, déi fréier Geschichtsproff ka souwuel op hir eegen Archive wéi op déi vun hirem Mann, hirem Papp an hirem Schwéierpapp zeréckgräifen, a brauch sech meeschtens guer net an eng Bibliothéik oder en Archiv ze deplacéieren. A wann et ëm déi modern Informatiounstechnologie geet, hëlleft hir och hir Duechter Simone Beck, „doran ass si armée jusqu’aux dents“. Eng kleng Familljenentreprise, quoi.

Net nëmmen duerch d’Stroossennimm-Rubrik ass d'“Ons Stad“ och e geschichtlecht Noschlowierk. Virun allem zënter datt et d`“Ons Stad“-Homepage gëtt, ass et ganz einfach, op déi vill historiographesch Beschreiwungen iwwer Quartieren, Gebaier a Monumenter, awer och Perséinlechkeeten oder gesellschaftlech Entwécklungen zeréckzegräifen. Aner Gemengen hunn sech an de leschte Joren un sou enger Zäitschrëft versicht, awer keng erreecht d’inhaltlech Qualitéit vun der „Ons Stad“, déi meescht kommen net iwwert den Niveau vun Héichglanzbroschüren eraus. Dat läit natierlech fir d’Alleréischt um Goss: Kaum eng Gemeng ka sech et iwwer d’Joerzéngten ewech leeschten, net nëmmen – mat engem haaptamtleche Coordinateur – eng inhaltlech a grafesch uspriechend Zäitschrëft ze produzéieren, mä se och un all hir Stéit gratis ze verdeelen an derbäi nach fir de Gros vun de Contributiounen ze bezuelen.

Wann d’geschichtlech Qualitéite vun der „Ons Stad“ net ze bestreide sinn, sou läit d’Zäitschrëft mat hire Viraussoen awer schonn alt emol zimlech falsch: Do goufen zum Beispill 1980 beim Hollerecher Schluechthaus nach „gute Zukunftschancen für einen verdienstvollen Jubilar, der [?] offen bleibt für jeden vernünftigen Fortschritt“ virausgesot. De Raymond Klein hat sech virgestallt, datt 2010 d’Passerelle fir d’Mobilité douce tëscht dem Cents a Weimeschhaff géif ageweit ginn. An de Coordinateur René Clesse hat den neien Tram fir 2007 ugekënnegt.

www.onsstad.lu


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.