Kultur-Podcast: Um Canapé mat der woxx #02 – Feel Good, Ep. 2

von | 23.03.2020

Loscht mat der woxx ze streamen? D’Tessie an d’Isabel kucken déi nei Netflix-Serie „Feel Good“ – a schwätzen iwwert Queerness, toxesch Bezéiungen, Sucht a Sex um Écran. Hei ass déi zweet Folleg.

© Netflix

Nodeems d’Isabel an d’Tessie gëschter den Trailer an déi éischt Folleg vun der Netflix-Serie „Feel Good“ beschwat hunn, knäppe se sech haut déi 2. Folleg vir. Dës Kéier sti virun allem d’Duerstellung vu Suchterkrankung, toxesche Relatiounen an Coming-out am Virdergrond.

An dëser Folleg vu „Feel Good“ verbréngen d’Mae an d’George fir di éischte Kéier e Weekend getrennt vuneneen. Während dat George virun d’Erausfuerderung stellt, sengen Obsessiounen net nozeginn, kann d’George nach ëmmer net oppen zu senger Bezéiung stoen.

Déi éischt Folleg vun „Um Canapé mat der woxx“ verpasst? Dir fannt se hei.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...