Kultur-Podcast: Um Canapé mat der woxx #04 – Feel Good, Ep. 4-5

von | 27.03.2020

Loscht mat der woxx ze streamen? D’Tessie an d’Isabel kucken déi nei Netflix-Serie „Feel Good“ – a schwätzen iwwert Queerness, toxesch Bezéiungen, Sucht a Sex um Écran. Hei ass déi véiert Folleg.

© Netflix

De Weekend vum Begriefnis vun der Familljen-Kaz, Gender-Froen, den Emgang mat Suchtkrankheet ënnerhalb vu enger Famill – déi véiert an déi fënneft Folleg vun „Feel Good“ hunn dem Tessie an dem Isabel vill Diskussiounsstoff geliwwert. Enger Meenung waren si dobäi net.

An der véierter Folleg vun „Feel Good“ treffen d‘ George an d‘ Mae op deem seng Elteren. Si verbréngen zesummen ee Weekend, woubäi interessant Facettë vum Mae un d’Liicht kommen. An der fënnefter Folleg gëtt d’Mae mam Goerge senger Dating-Vergaangenheet konfrontéiert a seng Onsécherheeten huelen ëmmer méi zou.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #383 – Wéi Russland vum Irankrich profitéiert

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Russland war virum Irankrich wirtschaftlech ënner Drock: niddreg Uelegpräisser, ee Wuelfaartsfong, deen ëmmer méi kleng ginn ass a strukturell Problemer duerch d'Krichswirtschaft. Mee zënter den Ugrëffer vun den USA an Israel op den Iran an der Eskalatioun vun...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #382 – Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Vill Jonker benotze kënschtlech Intelligenz net nëmme fir d'Schoul oder Informatiounen, mee och als Gespréichspartner – heiansdo souguer als Ersatz fir Frëndschaften. Mat der Campagne „AI ≠ Human“ wëll d’Regierung Jugendlecher dozou bréngen, kritesch mat...