Kultur-Podcast: Um Canapé mat der woxx #05 – Feel Good, Ep. 6

von | 30.03.2020

Loscht mat der woxx ze streamen? D’Tessie an d’Isabel kucken déi nei Netflix-Serie „Feel Good“ – a schwätzen iwwert Queerness, toxesch Bezéiungen, Sucht a Sex um Écran. Hei ass déi fënneft a läscht Folleg zur éischter Staffel vu der Serie „Feel Good“.

© Netflix

D’Tessie an d’Isabel brauchen Ofstand vum Mae – dat no der leschter Episode vu der Serie „Feel Good“. An dëser Folleg vu „Um Canapé mat der woxx“ schwätzen déi zwee ënnert anerem iwwert déi differenzéiert Duerstellung vu de Personnagen, Frëndschaften a Réckfäll, awer och iwwert hir ufänglech Erwaardungen a Serien, déi „Feel Good“ änlech sinn.

An der Staffel-Final gëtt d’Mae réckfälleg a mat de Konsequenze vu sengem allgemenge Verhale konfrontéiert. Wärend verschidde Personnagen op hatt zouginn, distanzéieren anerer sech vun him. Gläichzäiteg kënnt et tëscht dem Goerges a sengem Frëndeskrees zu engem éierleche Gespréich.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...