Carte Blanche op RTL: Een Dag fir déi, déi d’Mënscherechter verteidegen

von | 11.12.2019

De Méindeg war den Dag vun den „défenseur-e-s des droits humains“. Dat sinn Fraën a Männer, déi sech fir hir Matbierger, hir Communautéit oder ënnerdréckten Minoritéiten asetzen an dobäi selwer oft zu enger Aart Zilscheif ginn.

Vill vun ons kennen den Dag vun de Mënscherechter, den all Joer den 10. Dezember gefeiert gëtt. Gëschter war et erëm souwäit. Da stelle mer eis Amnestys Käerz an d’Fenster, a weisen domadder, datt di fundamental Rechter op ville Plazen an der Welt nach laang kéng Realitéit sinn. Jo, et muss een esouguer feststellen, datt Zuel vun Plazen, wou di universell Erklärung vun de Mënscherechter mat Féiss getrëppelt ginn, an der Läscht leider nees zouhëlt.

Fir datt dës Mënscherechter och tatsächlech agehale ginn, haten sech 1948 d’UNO-Memberstaaten verflicht, di doranner festgehalen Prinzipper bei sech doheem ëmzesetzen. Mir wëssen natierlech, datt dat e fromme Wonsch war, an a ville Länner dës Erklärung fir laang Zäit am Tirang verschwonnen ass.

Si ass a war trotzdeem e wäertvollt Instrument fir all déi, déi fir méi Gerechtegkeet bei sech an an der Welt gestridden hunn. Eng Miesslaat, déi et erlaabt huet, datt op ville Plazen, wou di Mächteg datt net wollten, d’Zivilgesellschaft no an no eng Verbesserung vun der Situatioun konnt erreechen.

Duerfir gëtt een aneren Gedenkdag, den genau een Dag virum 10. Dezember gefeiert gëtt, ëmmer méi wichteg: Do erënnere mer, e bësschen manner offiziell an leider och e bësschen manner prominent, un „défenseurs des droits humains“, also deenen, déi a groussem perséinlechen Asaz iwwerall an der Welt ganz konkret fir d‘Rechter vun deenen antrieden, déi massiv ënnerdréckt ginn.

Wéi wichteg hir Roll ass, weist eng leider wéineg erfreelech Zuel: 2018 sinn weltwäit 321 därer „défenseurs de droits“ ëmbruecht ginn. D’Zuel vun deenen déi bedreet, harceléiert a verletzt goufen, ass natierlech nach vill méi héich. Ier et awer zu direkten Ugrëffer géint dës Leit kënnt, gëtt versicht si ze diffaméieren.

Si gi kriminaliséiert, oder et gëtt hinnen virgeworf terroristeschen Kreesser zouzegehéieren. Eng al Method, déi och weiderhin hir Uwendung fënnt.

Duerfir ass et wichteg, dat déi Länner, déi fir sech den Usproch hunn, a punkto Menscherechter alles richteg ze maachen, genau dëse Leit zur Säit stinn an am Extremfall hinnen et erlaben, aus der Schosslinn ze kommen. Dat heescht konkret, datt si fir eng Zäit hir Regioun oder hiert Land musse kenne verloossen, fir a Sécherheet ze sinn an eventuell bei eis opgeholl ginn.

Zu Lëtzebuerg hunn sech duerfir eng Rei Organisatiounen zesumme gedoen, fir d’Unerkennung vun Menscherëchtsschützer a – schützerinnen ze erreechen. Um frësch gebakene Site „defenders.lu“ kann e liesen a gesinn, wéi d’Aarbecht vun dëse Leit ausgesäit, a wéi enge Geforen si sech all Dag aussetzen.

 

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #382 – Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Vill Jonker benotze kënschtlech Intelligenz net nëmme fir d'Schoul oder Informatiounen, mee och als Gespréichspartner – heiansdo souguer als Ersatz fir Frëndschaften. Mat der Campagne „AI ≠ Human“ wëll d’Regierung Jugendlecher dozou bréngen, kritesch mat...