Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #4 Mental Krankheeten

von | 18.05.2021

Maacht Iech et gemittlech, mir hunn eng nei Episode vum Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ fir Iech: DRachel vu LetzBeAware a de Patrick vu Pleasing diskutéiere mat der Journalistin Isabel Spigarelli iwwert d’ Duerstellunge vu mentale Krankheeten an der Kultur.

Copyright: Isabel Spigarelli/woxx

Et ass ëmmer nach en Tabu-Thema, an awer ginn et eng sëllege Filmer, Bicher, Musékstécker an aner Konschtwierker driwwer: mental Krankheeten. Mä wéi ginn déi do duergestallt? An der véierter Episode vum Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ treffen sech d’ Literaturstudentin Rachel – d’ Gesit hannert der Plattform LetzBeAware – a de Muséker Patrick. Si beschwätze wéi wäit mental Krankheeten entweder verharmloost oder awer verdäiwelt ginn a mat wat fir Virurteeler Betraffener konfrontéiert sinn. Dobäi spillt ënner anerem de Gender eng Roll. Souwuel d’ Rachel wéi och de Patrick schwätzen um Canapé oppen iwwert Diagnosen, Wënsch a Gejäiz op der Leinwand.

LetzBeAware ass eng Plattform op Instagram a Facebook, op der d’Rachel seit gutt engem Joer zu mentale Krankheete post. Mol mat Humor, mol mat Déift, ëmmer awer mat Respekt. An engem private Grupp kënnen sech zougeloosse Memberen ausserdeem ënnerteneen austauschen.

De Patrick war an der antëscht opgeléister Metal-Band Awakening the Seasons. Virun zwee Joer huet hien säi Solo-Projet Pleasing gestart a mëscht säitdeem Post- a Math-Rock. Säin nächsten Album In the mood for super dark times kënnt am Oktober eraus. En thematiséiert den Ëmgang mat mentale Krankheeten a der eegener Persoun.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...