Podcast: Am Bistro mat der woxx #166 – Agenda-Revolutioun bei der woxx

von | 05.11.2021

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An der woxx gouf et dës Woch eng gréisser Plënneraktioun – an zwar tëscht de Zeitungssäiten: elo fannen eis Print- a PDF-Lieser*innen eis Kalennersäiten an der Heftmëtt a net méi an engem separaten Agenda. Zu dësem Wiessel huet sech d‘ Ekipp vu der woxx e neit Konzept fir d’Kalennersäite mä och fir kulturell Bäiträg a fir hir Récksäit iwwerluecht. D’Tessie Jakobs a d’Isabel Spigarelli ginn de Hannergrënn vu dësen Ännerungen op der Gronn a erklären, wat nei ass.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...