Am Bistro mat der woxx #367 – EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt

von | 09.01.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

No Joerzéngte vu Verhandlungen kéint d’EU-Mercosur-Abkommen elo séier Realitéit ginn. An enger geopolitësch ugespaanter Situatioun huet Italien seng Blockade opginn – domat ass eng qualifizéiert Majoritéit am EU-Rot erreechbar, an eng Ënnerschrëft kéint schonn an de kommende Deeg erfollegen. Mä d’Kritik ass grouss: Ëmweltschutz-NGOen, landwirtschaftlech Verbänn an indigen Communautéiten a Südamerika warnen viru méi Offorchtung, steigenden Emissiounen an onfaire Konkurrenz fir europäesch Baueren.

Iwwer d’politesch Dynamiken, d’Roll vun der Landwirtschaft an d’Froen, wien vum Abkommen profitéiert, schwätzt de Joël Adami mat der María Elorza Saralegui an dëser Episod.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...