Am Bistro mat der woxx #384 – Klimagipfel zu Santa Marta

von | 08.05.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Vill Staate sinn enttäuscht dovunner, datt d‘Verhandlungen op den UN-Klimagipfelen esou lues viru kommen. Dowéinst hunn sech Enn Abrëll 57 Länner zu Santa Marta a Kolumbie getraff, fir iwwert den Austrëtt aus fossillen Energien ze schwätzen. Dobäi goung et net nëmmen ëm Klimaschutz, mä och ëm Froe vu Gerechtegkeet an d’Responsabilitéit vum globalen Norden. Am Podcast schwätzen d’María Elorza Saralegui an d’Melanie Czarnik doriwwer, firwat vill Staaten no neie Weeër an der Klimapolitik sichen a wéi Lëtzebuerg dobäi opgestallt ass.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Klimagipfel: Die Koalition der Willigen | woxx

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...