Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

von | 18.09.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Logo vum Podcast Am Bistro mat der woxx: een Kopfhörer. Doriwwer steet a grénger Schrëft: Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg? Een Text informéiert ausserdem, datt et d'Episod Nr.400 ass.Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar Donnéeën iwwer geplangte Projeten, mä déi si geheim fir de Grand Public. Dobäi ginn et vill Grënn, géint Rechenzentren ze sinn: de grousse Stroumverbrauch, den dacks immense Waasserverbrauch, ausserdeem gi Fläche versigelt an als Killmëttel kommen Eiwegkeetschemikalien zum Asaz. An dëser Episod vum Podcast schwätze mir doriwwer, wat fir Donnéeën et iwwert existéierend Rechenzentren zu Lëtzebuerg gëtt, wéi vill Energie déi verbrauchen, wat fir Firmen nieft Google nach esou Projete plangen an op mir och am Grand-Duché wäerte Protester dogéint gesinn.
Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunnDas Schweigen der Cloud

 

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

NEWS

Méco gegen Vergünstigungen bei Hybrid-Dienstwagen

Die Umweltorganisation „Mouvement écologique” (Méco) stellt sich gegen eine steuerliche Vergünstigung von sogenannten Plug-in-Hybriden als Dienstwagen. In einer Stellungnahme vom vergangenen Montag kritisiert die NGO die geplante steuerliche Begünstigung dieser Fahrzeuggattung. Als „Plug-in-Hybride“ werden Autos bezeichnet, die sowohl einen...