Am Bistro mat der woxx #273 – Wéi nohalteg muss Kultur sinn?

von | 01.03.2024

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Eng nei Publikatioun vum Kulturministère beschäftegt sech mat der Fro, wéi d’Kultur zu Lëtzebuerg méi nohalteg gestalt gi kann. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an d’Isabel Spigarelli iwwert déi verschidde Léisungsvirschléi. Sollt een einfach manner Kultur produzéieren, fir och manner Afloss op d’Ëmwelt ze hunn? Wéi ass de Materialverbauch vun engem Theater am Verglach mat der ganzer Gesellschaft – a kann ee gemeinsame Fundus hëllefen, dee Problem ze minimiséieren?

 

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:

Kultur und Nachhaltigkeit: Grün hinter der Bühne

https://soundcloud.com/woxx-21532663/wei-nohalteg-muss-kultur-sinn?si=9e0f492fb9614e159c01bcc0b95a2f37&utm_source=clipboard&utm_medium=text&utm_campaign=social_sharing

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

ËMWELTPODCAST

Am Bistro mat der woxx #376 – Directive de la vigilance

Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles. Cette semaine-ci, les journalistes Fabien Grasser et María Elorza Saralegui se centrent sur une directive européene concernant le devoir de vigilance. Considérablement affaiblie lors des...