All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Et ass net grad beléift zu Lëtzebuerg, d‚Atomkraaftwierk just hannert der Grenz a Frankräich. Geschwë ginn déi véier Reaktoren, déi do Stroum produzéieren, 40 Joer al. Dat bedeit: Si sinn eigentlech um Enn vun hirer ursprénglech virgesinnener Lafzäit ukomm. Ee Rapport, dee vu Greenpeace an Optrag ginn ass, kënnt zu der Conclusioun, datt et net méiglech ass, d‚Sécherheet op deen haitegen Standard ze hiewen. Am Podcast schwätzt de Joël Adami mam Maria Elorza doriwwer, wisou dat esou ass a wat dat mat Fligeren a Piscinnen ze dinn huet.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:
Kernenergie: Zeitbombe in der Nachbarschaft
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #177 – Schaarf Kritik un Atom- an Äerdgas an der EU-Taxonomie
- Laufzeitverlängerung (1): Vergiss Fukushima!
- Laufzeitverlängerung (2): Die 900-Megawatt-Nummer
- Am Bistro mat der woxx #312 – Wat ass digital Gewalt géint Fraen?
- Am Bistro mat der woxx #311 – Wat geschitt mam Chômage vu franséische Frontalieren?