Am Bistro mat der woxx #309 – Wat bréngt d’Reform vum Naturschutzgesetz?

von | 15.11.2024

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Déi geplangte Reform vum Naturschutzgesetz steet staark an der Kritik. Dat net nëmme wéinst dem Inhalt, mä och wéinst der Aart a Wéis, wéi d’Gesetz entstanen ass. An dëser Episod vum Podcast erkläre mir, wat et mat der Ee fir Allemol-Kompenséierung, dem Bam-Präbbeli an der Natur auf Zeit op sech huet, wat un dëse Konzepter kritiséiert gëtt a wisou an dësen Diskussiounen de roude Schéierschwanz (Rotmilan) esou dacks optaucht.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Reform des Naturschutzgesetzes: Rotmilan, Goldammer und Petersilie

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...