Carte Blanche op RTL: Zäit vir e politeschen Bilan

Do wou vill Hoffnungen sinn, bleiwen d’Enttäuschungen net aus. No iwwer véier Joer blo-rout-grénger Koalitioun ass et Zäit, op dat historescht Experiment zeréckzekucken.

Lues awer sécher fänken verschidden Deeler vun de sougenannten „forces vives de la nation“ un, de Bilan vun der amtéirender blo-rout-grénger Koalitioun ze maachen.

Dëser Deeg war et de Forum Culture(s) den der Regierung nawell eng zimlech Datz ausgedeelt huet. Dat allerdéngs manner well di aktuell Koalitioun am Kulturberäich sou vill Falsches gemaach hätt, ma éischter well se einfach näischt gemaach huet. Näischt allefalls am Sënn vum Kulturpakt, den och di aktuell Regierungsparteien schonn 2009 mat ënnerschriwwen haten.

D’Enttäuschung ass dowéinst sou grouss, well grad am Gebitt vun der Kultur, wou jo d’CSV e Véierelsjoerhonnert laang d’Soen hat, de Nohuelbedarf enorm war. D’Gefill dat hei de Rendez-vous verpasst gouf, mat grad deenen Deeler aus der Bevëlkerung, déi fir Ännerungen an Neies op sinn, bestätegt déi Suergen, déi ech op dëser Antenn Enn 2014 gemaach hat.

Sou intensiv d’Connectioun vun der Regierung mat diverse Wirtschafts-Kreesser och ass, d’Société civile fënnt sech a villem vun deem, wat gemaach gouf, a virun allem wéi et gemaach gouf, nëmmen schwéier erëm. Nun ass eng Koalitioun ëmmer och eng Saach vu Kompromësser, an de Sproch „méi konnte mer mat deenen aneren net erreechen“ ass no iwwer véier Joer sou wouer – an sou ofgenotzt – wéi senger Zäit an diversen Koalitiounen mat der CSV.

Wann een handwierklech Pannen, wéi den Zukunftspak, vun dem haut kee méi schwätzt, oder de Referendum, un den keen sech méi erënnert, ewech léisst, dann kann een dëser Regierung zumindest attestéieren, hir Saach net onbedéngt schlecht gemaach ze hunn. Op alle Fall net méi schlecht wéi eng Regierung ënner CSV-Leadership.  Schliisslech schéngt och d’Konjunktur der Regierung an d’Hänn ze spillen. Elo kennen och nach eng Rei Kaddoen u verschidden Interessegruppen gemaach ginn, nodeems anerer mam Zukunftspak zimlech maltraitéiert goufen.

Och am ëffentlechen Transport geschitt vill, allerdéngs zur Zäit mat Nodeeler fir d’Utilisateuren. Déi si nosiichteg, well et en enormen Handlungsbedarf gëtt. Niewebäi bemierkt: Vläicht kéint een déi dausendem Fraen a Männer, déi all Dag hiren Beitrag zum Klimaschutz leeschten, jo och mat engem Cadeau a Form vu engem Gratistransport beglécken – zumindest esou laang wéi de Wuerm am System ass.

Firwat awer, kennt da bei villen keng richteg Begeeschterung op, obwuel eng Rei Ännerungen stattfonnt hunn?

Natierlech sinn d’Revendikatiounen aus der Zivilgesellschaft oft maximalistesch an deelweis och ënnert sech widderspréchlech. Natierlech war d’Erwaardungshaltung an och Dialogbereetschaft nom leschte Regierungswiessel grouss, méi grouss jiddefalls wéi bei den Wiesselen virdrun.

Datt d’Gefill, gelauschtert ginn ze ginn, sech ni richteg agestallt huet, hat vläicht och mam Zäitdrock ze dinn, méiglechst vill an enger Legislatur unzepaken. Trotzdem wär et wichteg wann d’Koalitiounsparteien, ier et elo an de richtege Walkampf geet, sech och intern mat der Fro beschäftegen, firwat d’Verbindung mat de Basisorganisatiounen ni richteg funktionéiert huet.

Gutt a motivéiert Berufspolitiker a -politikerinnen si fir eng fortschrëttlech Politik sécher wichteg. Si ginn awer net duer, wann déi hannendrun d’Gefill net lass ginn, just als Stëmmvéi missen duerzehalen an hire Rot an hir Erfarung net weider zielt.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.