E Sonndeg, 2. Dezember: Presseclub mat der woxx

von | 01.12.2018

Innovatioun oder roueg Politik an der Kontinuitéit? Iwwert de Koalitiounsaccord an d’Ressorte pro Partei gëtt e Sonndeg am RTL-Presseclub geschwat.

Néng Plenièren an Dosende vun Aarbechtsreuniounen waren néideg – elo steet de Koalitiounsaccord, grad wéi dass d’Ressorten tëscht Blo, Rout a Gréng verdeelt sinn!

Mä wéi ass de Contenu ze bewäerten: Innovatioun oder roueg Politik an der Kontinuitéit?

Wat ass ënner „Wäitsiicht“, ambitiéis a Gerechtegkeet ze verstoen?

Mir huelen d’grouss Linnen, déi d’Verhandlungspartner ausgemaach hunn, ënnert d’Lupp – an der Journalisteronn um Sonndeg.

Am Presseclub dëse Sonndeg sinn dës Invitéen: de Marc Schlammes vum Wort, d’Josée Hansen aus dem Land, de Richard Graf vun der woxx, an den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt.

Suivéiert de Presseclub live tëscht 11 an 12 Auer um Radio an natierlech op RTL an och am livestream.

Dat kéint Iech och interesséieren

NEWSWOXX@HOME

Halb voll oder halb leer?

Nicht nur der deutsche Bundeskanzler hat seine Probleme mit dem berühmten Glas, das Optimist*innen von jener Gattung Mensch, die immer Trübsal bläst, unterscheiden soll. Da gibt es die schöne Pressehilfe 2.0, und dann soll sie nicht reichen?