Maacht Iech et gemittlech, mir hunn eng nei Episode vum Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ fir Iech – a wa mir schonn um Canapé setzen, da schwätze mir och mol iwwert Netflix a Co. D’Tessie Jakobs an d’Isabel Spigarelli vu der woxx denken haart iwwert Streaming, Kino a Fernsee no: Wiem seng läscht Stonn huet geschloen? An ass alles Schrott, wat net am Kino leeft?
Streaming-Déngschter fir Filmer a Serien si aus dem Alldag vu ville Mënschen net ewech ze denken. Huet de Kino dofir ausgedéngt? D’Tessie Jakobs a d’Isabel Spigarelli vu der woxx mengen net – a si erkläre wisou. Op der Sich no Argumenter komme weider Froen op: Wéi oppen si Streaming-Déngschter? Verännern si den Diskurs iwwer Film a Serien? Wéi maache Film- a Fernsehproduzent*innen antëscht hir Rechnung wann et em d’Produktioun vu neie Formater geet? Notzen Fernsehsender hir Mediathéik just als Ausried fir Nischen-Themen net mussen zur Prime-Time ze senden? An ignoréiert een als Kulturjournalist*in am beschten Filmer, déi just am Stream lafen? Liest zum Thema och dem Tessie säin Artikel „Stirbt das Kino?“ a diskutéiert mat.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #39 Um Canapé mat der Furiosa
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #31 Rape Culture: d’Roll vu Veranstalter*innen
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #26 Sexismus an der Kulturzeen
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #25 Kultur a Kommerz
- Kulturpodcast – Um Canapé mat der woxx: #22 Queer Little Lies