Podcast: Am Bistro mat der woxx #007 (20.7.2018)

von | 20.07.2018

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg.

Dës Woch schwätzen de Joël Adami an d’Tessie Jakobs iwwert Akut, déi virun Ëmweltgëfter warnen, iwwert de Rapport vum Grip, deen sech mat Militärausgaben a Waffenexporter beschäftegt. Ausserdeem geet et ëm d‘68er-Beweegung, Verspéidunge bei der CFL an d‘Positioun vun der DP zur Lëtzebuerger Finanzplaz.

D’Thema vun der Woch sinn Homo- an Transfeindlechkeet bei der ADR an anere rietse Parteien. Déi huet sech ënnert anerem an enger Ried vum ADR-Deputéierte Roy Reding an der Chamber bemierkbar gemaach.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...