All Woch präsentéiert d’woxx an der Emissioun Am Bistro mat der woxx een Réckbléck op déi läscht Woch an een Abléck an déi aktuell woxx.
De Joël Adami an de Richard Graf schwätzen dës Woch iwwert d’Vëlospolitik zu Lëtzebuerg. Si schwätzen net nëmmen doriwwer, wéi d’woxx op de Cover komm ass, op deem quasi-paradisesch Zoustänn fir d’Vëlosfuerer*innen ze gesi sinn, mä och iwwert déi ganz reell Hell op der Äerd, déi Vëlosfuere ganz dacks zu Lëtzebuerg ass.
Riets ass awer och iwwert déi Verbesserungen, déi geschwënn kéinte kommen: Eng Etüd am Süde vum Land an een néit Gesetz fir Vëlospistë sollen d’Situatioun verbesseren. Mir ginn awer och op dee politesche Stand vum Vëlo als Transportmëttel an, deen sech an deene leschte Jore verbessert huet.
D‘mp3 eroflueden.
De Podcast abonnéieren: mat Android / per RSS
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #257 – Wéieng Partei kann de Klima retten?
- Am Bistro mat der woxx #256 – Ëmweltschutz géint Wunnengsbau? Wéi d’Parteien d’Natur an d’Biodiversitéit (net) erhale wëllen
- Am Bistro mat der woxx #255 – Seelbunn, Hyperloop oder dach einfach de Vëlo? Mobilitéitspolitik an de Walprogrammer
- Am Bistro mat der woxx #238 – Wéi fuere mir muer an eiser Gemeng? Kommunal Mobilitéitspolitik am Walkampf
- Am Bistro mat der woxx #190 – Wéi soll d’Mobilitéit zu Lëtzebuerg am Joer 2035 ausgesinn?